Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee nei Accorden tëscht Lëtzebuerg an dem Vietnam

Zweeten Dag vun der Visitt am Vietnam

Zwee nei Accorden tëscht Lëtzebuerg an dem Vietnam

Tëschent Lëtzebuerg an dem Vietnam ginn et zwee nei Accorden. Éischtens een fir d'Duebelbesteierung ze limitéieren an zweetens eng strategesch Partnerschaft iwwert Gréng Finanzen. Op hirer Rees an der sozialistescher Republik haten de Premier Xavier Bettel an de Mettelstandsminister Lex Delles Donneschtes Moies eng Entrevue mam Vietnamesesche Premier Phạm Minh Chính.

auto_stories

2 min

Foto: SIP

Siwe Punkte goufen ugeschwat. Een dovunner war déi giel Kaart déi de Vietnam vun der EU-Kommissioun wéinst senger Fëscherei krut. Hei huet de Vietnamesesche Premier nach eemol d'Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg gefrot.

De Premier Xavier Bettel erkläert, datt dat net a senge Kompetenze géif leien. D'Kommissioun wier do fir d'Etüd ze maachen a géif en Avis ginn. Hien ënnersträicht, datt si da géife kucken ob si dat ënnerstëtze wéilten oder net. Wann Efforte gefrot sinn, misst dat d'Kommissioun maachen, well net en eenzelt Land Decisiounen trëfft.

Lëtzebuerg huet sech un zwee konkrete Projeten ugeschloss

Weider huet de Phạm Minh Chính déi lëtzebuerger Entreprisen encouragéiert mam Vietnam zesummen ze schaffen. E Freiden ass den ekonomesche Forum zu Ho Chi Minh City, un der iwwer 20 lëtzebuerger Entreprisen drun Deel huelen. Wat déi Gréng Finanzen ugeet, huet Lëtzebuerg sech zwee konkrete Projeten ugeschloss. De City Climate Finance Gap Fund an dee Lëtzebuerg fënnef Milliounen Euro contribuéiert, soll vu Klimawandel betraffene Stied, wéi Ho Chi Minh City, hëllefen sech besser opzestellen.

Ee weidere Projet ass ee vu LuxDev deen eng intelligenter Agrikultur géigeniwwer dem Klimawandel virgesäit. Donieft soll d'Kooperatioun am Beräich vun de Banken ausgewäit ginn. De Vietnamesesche Finanzminister soll dowéinst geschwën op Lëtzebuerg kommen. Am Mee well de Vietnam tranchéieren op d'Lëtzebuerger nach weider e Visa brauche fir an d'Land anzereesen oder net.