Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukünfteg Déifferdenger Buergermeeschtesch wëllt sech momentan "net äusseren"

Affär Traversini

Zukünfteg Déifferdenger Buergermeeschtesch wëllt sech momentan "net äusseren"

Den Dossier Traversini géif am Moment beim Parquet leien, esou d'Christiane Brassel-Rausch. Si wéilt Froen, déi nach ronderëm hire Virgänger opstinn, awer sou séier wéi méiglech beäntweren.

auto_stories

2 min

Et wier een am Gaang dat an der Gemeng ze klären, esou déi zukünfteg nei Déifferdenger Buergermeeschtesch. An zwar "no alle Säiten hin". De Schäfferot hätt der Oppositioun gesot, "wa mir d'Äntwerten hunn, da kréie si se matgedeelt. Mee am Moment hu mir einfach och nach Froen."

D'Oppositioun zu Déifferdeng wëllt ënner anerem wëssen, ob et och Irregularitéite bei den Aarbechten un der Strooss gouf, déi bei dem Roberto Traversini säin Haus mam Gaardenhaischen féiert.

"An d'kaalt Waasser gesprongen"

De Roberto Traversini ass an der Suite vun der Affär ronderëm d'Gaardenhaischen vu senge politesche Mandater zeréckgetrueden. Als nei Buergermeeschtesch kéim elo op si eng grouss berufflech Ëmstellung duer. D'Christiane Brassel-Rausch spillt zanter méi wéi 30 Joer Theater. Dat wier op eng Manéier genee sou eng "opreiwend Aarbecht wéi Politik".

"Mäin Zil war ni an der Politik an der éischter Rei ze stoen. Bon, elo stinn ech do. Elo muss ech domadder eens ginn. A wéi ech dat elo maachen, dat wäert dann d'Zukunft weisen. Ech selwer weess et net. Ech sinn an d'kaalt Waasser gesprongen."

Dat wier ee jo am Theater gewinnt, esou nach d'Christiane Brassel-Rausch. Dat géif hir vläicht och "déi gewëssen Zouversiicht - vläicht soen d'Leit och Naivitéit - ginn, fir d'Saach unzegoen". Si seet allerdéngs, datt si d'Schauspillerei géif opginn, wann déi Projeten, déi den Ament nach am Gaang sinn, eriwwer sinn.

"Well et ganz einfach zwee intensiv Ganzzäit-Beruffer sinn, déi schwéier mateneen auszeféiere sinn. Ausser ech géif mech engem extremen Zäit - an ënnerlechem - Drock aussetzen. Dozou sinn ech net bereet. Dofir eng kloer Decisioun: Ech maachen dat elo esou laang bis déi nächst Kommunalwahlen sinn."

Kleng Projeten, wéi Liesungen, géif si awer och an Zukunft nach wëlle maachen, esou nach déi zukünfteg Déifferdenger Buergermeeschtesch.