Ëffentlechen Transport Zuchverbindung Lëtzebuerg - Saarbrécken momentan keng Optioun

Saarlännesch Frontaliere musse besser op Lëtzebuerg pendele kënnen, seet de President vun Die Grünen am Saarland. Eng direkt Zuchverbindung wier e "pharaonesche Projet" heescht et beim Transportministère zu Lëtzebuerg.

Chris Zeien / ys

CFL

Eng direkt Zuchstreck tëscht Saarbrécken an der Stad Lëtzebuerg ass momentan keng Optioun, seet den Transport- an Infrastrukturministère. Dës Propos gouf rezent vum President vun Die Grünen am Saarland lancéiert. Saarlännesch Frontaliere missten effikass op Lëtzebuerg pendele kënnen, ouni d'Stroossennetz zousätzlech ze belaaschten, sou de Markus Tressel.

Eng direkt Zuchstreck tëscht dem Saarland a Lëtzebuerg géif momentan kee Sënn erginn, seet d'Pressespriecherin Dany Frank. Et wier ass schonn eng Etude gemaacht ginn, fir ze kucken ob eng Zuchstreck tëscht Saarbrécken a Lëtzebuerg géif Sënn maachen. Déi hätt erginn, datt den existente Schnellbus der Demande op där Streck am Beschte gerecht gëtt.

Wann een eng direkt Eisebunnsverbindung wéilt ustriewen, misst een d'Waasserleef analyséieren an et misste kilometerlaang Tunnele gebaut ginn, seet d'Dany Frank. "An dat gëtt da wierklech zu engem pharaonesche Projet."

Méi zum Thema

Pierre Reyland Kommentar
Wirtschaftskronik

An der Lëtzebuerger Verkéiersproblematik gëtt de Frontalierstrafic als een Haaptproblem genannt. En ass e Symptom vum Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell. Konkret Mesurë sollen de Stau elo verhënneren.

Heiner Monheim
Verkéier

Lëtzebuerg huet ee Verkéiersproblem, seet den däitsche Verkéierswëssenschaftler Heiner Monheim. Et misst ee vum Auto ewech kommen. Eng méiglech Léisung gesäit hien an engem Tram-Train.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen