Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Schieren entsteet deen éischte Co-Working-Zenter vum Staat

Aarbechtsorganisatioun

Zu Schieren entsteet deen éischte Co-Working-Zenter vum Staat

Am neie Kulturzenter "Al Schoul" vis-à-vis vun der Kierch zu Schieren, wäert am Dezember den éischte Co-Working-Zenter fir Mataarbechter vum Staat opgoen. Dat hunn de Minister Marc Hansen an de Buergermeeschter Eric Thill haut ugekënnegt. Op de bal 200 Quadratmeter vun dëser dezentraler Büros-Struktur ass Plaz fir 22 Aarbechtsposten. Dësen Zenter gëtt ee Pilotprojet fir zwee Joer fir eng Rei Mataarbechter vum Marc Hansen senge Ministère fir den ëffentlechen Déngscht a fir d'Digitaliséierung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Déi Leit, déi am neie Co-Working-Space wäerte schaffen, solle virun allem manner Zäit fir de Wee op d'Aarbecht brauchen, an et sollen deemno Kuelendioxid-Emissiounen evitéiert ginn. D'Büros-Struktur zu Schiere wier eng Alternativ fir den Télétravail vun doheem aus, esou de Minister Marc Hansen bei der Presentatioun.

"Den Employeur Staat, dee muss och kucken, dass e seng Leit (...) éischtens fënnt a se och gehale kritt. Mir sinn och do an engem héich kompetitive Marché, wou och Leit bei eis wëlle schaffe kommen, déi no esou Alternativen och froen."

De Buergermeeschter Eric Thill huet déi gutt Ubannung vum Co-Working-Space zu Schieren als ee weidere Virdeel genannt.

No zwee Joer soll de Bilan gezu ginn

Bis d'Büroen zu Schieren dësen Dezember opginn, soll analyséiert ginn, wéi eng Mataarbechter aus de béide Ministèren a Fro komme, fir fräiwëlleg vun do aus kënnen ze schaffen. Zwee Joer laang soll de Co-Working-Zenter dann als Pilotprojet funktionéieren, erkläert de Marc Hansen.

"A wann dat ee Succès gëtt, maache mer et natierlech och op fir aner Ministèren."

Fir d'Bürosfläch a fir verschiddenen Déngschtleeschtungen, bezilt de Staat der Gemeng Schieren ee Loyer vun 12.500 Euro pro Mount.