Wärend d'Tuberkulos-Infektioune weltwäit zouhuelen, géing een zu Lëtzebuerg den Ament keng Hausse verzeechnen, esou den Dr Bruno Leydier, Pneumolog bei der Ligue medico-sociale.
Dëst Joer bis elo 40 Fäll zu Lëtzebuerg
2020 an 2021 gouf et wéinst der Pandemie éischter wéineg Fäll vun Tuberkulos, well d'Migratiounen an där Zäit staark ofgeholl hunn. Dofir vergläicht den Dokter dëst Joer mat dem Joer 2019.
2019 goufen et iwwer dat ganzt Joer gesinn hei am Land 50 Tuberkulos-Fäll, woubäi de Stand um 31. Oktober 2022 bei 40 Fäll vun Tuberkulos zu Lëtzebuerg louch.
Dëst Joer hätt een an der Moyenne fënnef Fäll vun Tuberkulos all Mount gehat, an esou wäert de Chiffer vun 2022 dann um Enn änlech sinn, wéi dee vun 2019, esou den Dr Bruno Leydier.
Impfung ass net néideg
Well a verschiddene Länner den Tuberkulos-Taux méi héich ass ewéi hei am Land, gëtt beim Ausstelle vun enger Openthaltsgeneemegung fir Leit aus Drëttstaaten zu Lëtzebuerg och en Tuberkulos-Test verlaangt.
Eng Impfung ass dem Dr Leydier no zu Lëtzebuerg net néideg. Well den Inzidenz-Wäert hei niddreg ass, gëtt schonn zanter ville Joren net méi systematesch geimpft:
"Dans tous les pays de faible incidence de tuberculose comme le Luxembourg, il n'y a absolument pas de vaccination par le BCG qui est recommandé actuellement. Elle a été abolie."
Zu Lëtzebuerg, ewéi och soss gréisstendeels an Europa, hätt een déi grouss Chance datt Tuberkulos relativ gutt kéint behandelt ginn an deemno gutt heelbar wier, esou nach den Dr Leydier.
Wann een a Kontakt war mat enger Persoun déi Tuberkulos huet, da soll ee sech bei der Ligue medico-sociale melle fir en Test ze maachen.