Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dina Ögon - Det Läcker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Beefort a Bäerdref sinn den 8. Oktober och Gemengewalen

Politik

Zu Beefort a Bäerdref sinn den 8. Oktober och Gemengewalen

An de Gemenge Beefort a Bäerdref ginn d'Wieler opgeruff den 8. Oktober een neie Gemengerot ze bestëmmen. Zu Bäerdref ass ee vun de Kandidaten no der Publikatioun vun der Lëscht gestuerwen. Zu Beefort goufen d'Walresultater vu Juni annuléiert, well ee vun de Kandidaten, zwar an der Gemeng ugemellt ass, mee net do lieft. Wéinst där Situatioun goufen d'Walresultater annuléiert. D'Gemeng Beefort huet eng éischte Kéier de Proporzsystem applizéiert. A grad ewéi am Juni ginn et zwou Lëschten, déi dës Kéier komplettéiert ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Beefort geet am Oktober nach eng Kéier wielen. Wéi am Juni erauskoum, datt ee vun de Kandidaten, ee Restaurateur, net effektiv an der Gemeng lieft, goufen d'Resultater annuléiert.

Et ass déi éischte Kéier datt nom Proporzsystem gewielt gëtt, also et gi Lëschte presentéiert, an där ginn et nach eng Kéier zwou, déi vum Buergermeeschter Camille Hoffmann "är Lëtt" déi d'selwecht bleift an déi aner d'Biergerinitiativ "Beefort, Déiljen Grondhaff", déi net ewéi am Juni aacht Kandidaten huet, mee elo der eelef zesummekrut, sou d'Annemie Loor vun der Biergeriniativ.

"Et waren der scho genuch. Eleng och vum Resultat hier, hu mer trotz deene wéinege Kandidaten e supert Resultat erreecht hunn. Mir wëllen dat awer weider opbauen a mat nach weidere motivéierte Leit, vläicht bësse besser Chancen ausrechnen."

Déi néideg Infrastrukture bauen

D'Zil vun der Biergerinitiativ déi méi jonk ass wéi déi aner Lëscht ass d'Beliewe vun der Gemeng. De Berugermeeschter vu bis elo de Camille Hoffmann geet mat Rou an déi Walen, datt déi aner Lëscht elo vun aacht op eelef Kandidate geklommen ass ännert a sengen Aen net vill, sou de Camille Hoffmann.

De Programm vun "är Lett" ass kloer, et wëll een déi Infrastrukture bauen, déi néideg sinn. Déi geplangte Projete fir déi ganz Gemeng, kaschte ronn aacht Milliounen Euro.

Am Juni koum d'Lëscht vum Buergermeeschter op siwe Sëtz an d'Biergeriniative op véier.