Mannerjäreger sollen an Zukunft net méi zu Schraasseg mat erwuessenen Detenuen agespaart ginn. An der neier Unité de sécurité sinn zwielef Plaze virgesinn. Déi Jonk sollen an enger éischter Phas Maximum dräi Méint an der zouener Struktur verbréngen. Wéi eng Profiller no wéi enge Critèren an Zukunft an d'UNISEC kommen, wier gesetzlech net festgehalen, erkläert den Direkter vum Centre socio-éducatif de l'état zu Dräibur. De Jugendriichter géif eleng decidéieren, wien agespaart gëtt a wien net.
Keng gesetzlech Critèren
An der UNISEC sollen déi Jonk pädagogesch betreit ginn. "Et gëtt eng Schoul, Atelieren, eng Sportshal, ee psychologesche Service, mam eenzegen Ënnerscheed, datt déi Jong d'Gebai net kënne verloossen". Et wéilt een deene Jonken den Alldag sou "normal wéi méiglech" gestalten. 50 Erzéier a Gardiene sollen de Mannerjäregen dobäi hëllefen, eng positiv Perspektiv z'entwéckelen. Ob ee Jonker duerch eng zoue Struktur resozialiséiert kritt oder net, misst fir d'éischt mol getest ginn, esou de Ralph Schroeder. Dräi Méint wiere kuerz, fir all d'Problemer ze reegelen. D'Equipe wier allefalls prett fir déi jonk am Oktober z'empfänken.
"Mir si sécher net allmächteg, mä et kann ee Weichen a positiv Akzenter setzen, fir d'Weiderentwécklung vun deene Jonken. Wéi wäit den Impakt elo doduerch ännert, datt et eng zouen an net eng oppe Struktur ass, muss elo getest ginn".
Nieft der Schafung vun der neier Unitéit soll zu Dräibur och d'Internat restrukturéiert ginn. Fir op déi méi spezifesch Besoine vun de ronn 90 Jongen a Meedercher kënnen anzegoen, sollen an Zukunft méi kleng Gruppe geschaaft ginn. "90 Jonker ass eng zimlech grouss Unzuel. Doduerch hu mir net ëmmer d'Méiglechkeet, déi Jugendlech op déi néideg Autonomie virzebereeden".
Dezentraliséierung ass néideg
Zum Beispill wier et schwiereg zu 90 zesummen ze kachen oder ze wäschen. Den Ament géif een no dezentrale Strukture sichen, wou ee méi kleng Gruppe mat maximal aacht Jonke kéint ënnerbréngen. "Konkret Plazen hu mir nach keng fonnt" Wat d'Personal ugeet, géifen op d'mannst 50 Leit feelen, fir de Jugendlechen e gerechten Encadrement ze bidden, seet de Ralph Schroeder. An de leschte Méint hätt een awer schonn 18 nei Mataarbechter kritt.