Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zesummen hu mer scho vill hikritt"

Relatiounen tëschent Tréier a Lëtzebuerg

"Zesummen hu mer scho vill hikritt"

Et wier net prioritär u Lëtzebuerg, fir fir d'Steierausfäll an de Grenzregiounen opzekommen. Eventuell Kompensatioune wiere virop emol eng national Fro, seet de Wolfram Leibe, den Oberbürgermeister vun Tréier.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

play_arrow
Den Oberbürgermeister vun Tréier, Wolfram Leibe

Am Mee 2019 hat hien zesumme mat sengem Homolog vu Metz Dominique Gros e Bréif un d'Bundekanzlerin Merkel an de President Macron geschriwwen, fir op de Problem opmierksam ze maachen. E Problem, deen doduerch entsteet, datt et souwuel op der däitscher wéi op der franséischer Säit vill Leit ginn, déi zu Lëtzebuerg schaffen, an do och hir Steiere bezuelen. Geld, dat dann natierlech an de Regiounen, wou d'Frontaliere wunnen, feelt.

Eleng bei der Akommessteier géif ee vun 12-20 Milliounen Euro schwätzen. Fir den däitsche Bund wier dat net vill, sou den Oberbürgermeister. Bis elo hätt een national ëmmer en Ausgläich fonnt. Dofir wiere Berlin a Paräis bis elo d'Uspriechpartner gewiescht.

Dat selwecht gëllt fir belsch Frontalieren, un d'Belsch bezilt Lëtzebuerg allerdéngs Kompensatiounen. Dat wollt de Wolfram Leibe awer net kritiséieren. Fir hie wier et wichteg, datt Berlin, Paräis a Lëtzebuerg zesummen no Léisunge géife sichen. Dofir misst ee sech déi néideg Zäit huelen, Stëmmungsmaach wier kontraproduktiv. De Wolfram Leibe weist sech dann och ganz optimistesch, datt een déi Sich no engem Ausgläich géif hikréien.

Héich Logementspräisser zu Tréier: En "hausgemaachte" Problem

Och an den däitsche Grenzgemengen ginn d'Logementspräisser an d'Luucht, well engersäits Lëtzebuerger op déi aner Säit vun der Musel wunne ginn (wéinst de méi niddrege Präisser), a well däitsch Frontaliere mat hire gudde Lëtzebuerger Paien natierlech och aner Präisser bezuele kënnen.

De Quadratmeterpräis fir eng nei Wunneng géif an der Lëtzebuerger Haaptstad bei ronn 8.000 Euro pro Quadratmeter leien, zu Tréier wier ee bei 5.000 Euro. Och d'Loyere géife méi deier ginn. Am Fall vun Tréier géif dat virun allem doru leien, datt Tréier net genuch Terrainen zur Verfügung hätt, änlech wéi d'Stad Lëtzebuerg, sou den Oberbürgermeister.

Dat wier awer deelweis en hausgemaachte Problem, sou de Wolfram Leibe. Tréier hat e Wunnprojet mat 1.000 Wunnunitéite fir 2.500 Mënsche geplangt, wat awer am Stadtrat annuléiert gouf, esou datt Tréier momentan kee Baugebitt hätt, op deem vill gebaut kéint ginn.

Keng besser Verbindung un den däitsche Fernverkehr virgesinn

De Wolfram Leibe ass net schrecklech optimistesch, datt Lëtzebuerg an Tréier an noer Zukunft besser un den däitschen Zuch-Reseau ugebonne ginn, wéi dat haut de Fall ass. Zéng Mol wier hien an där Saach zu Berlin gewiescht. Mee dat hätt grad esou wéineg bruecht, wéi den Asaz vu ville Lëtzebuerger Politiker an där Saach.

"Ich fürchte, und das sage ich sehr deutlich, dass die Deutsche Bundesbahn zur Zeit nicht handlungsfähig ist. Und ich fand das auch einen Affront, wie Luxemburg den Gleis-Ausbau auf deutscher Seite damals finanziert hat, und ein drei viertel Jahr später hat die Deutsche Bahn den Fernverkehr eingestellt. So geht man mit Nachbarn nicht um."

Hie wéisst net, ob een dee Problem géif geléist kréien, wier awer frou, datt d'CFL eemol den Dag eng direkt Zuchverbindung Lëtzebuerg-Tréier bis Düsseldorf, géifen ubidden. Laangfristeg kéint dat awer keng Léisung sinn, sou de Wolfram Leibe. D'Verantwortung gesäit hie bei der däitscher Eisebunn a bei der däitscher Regierung.