Um Donneschdeg Mëtteg debattéiert d'Chamber iwwert en neien nationale pluriannuellen Aktiounsplang fir Integratioun. Dem Gesetz no ass dee Plang zanter véier Joer fälleg. An deem Aktiounsplang misste konkret Mesuren an Evaluatiounskritäre festgehale ginn, seet d'Presidentin vun der Auslännerorganisatioun Asti, Laura Zuccoli.
D'Asti bedauert, datt nom Referendum iwwert d'Auslännerwalrecht, d'Politik d'Zesummeliewen an déi sozial Kohesioun net méi thematiséiert huet.
Particularitéite vu Lëtzebuerg
"Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Situatioun, déi een net esou an anere Länner kennt." Just d'Hallschent vun der Populatioun hätt e Lëtzebuerger Pass. Et wier net wéi a Frankräich oder Däitschland, wou e grousse Grupp vu Leit d'Sprooch an d'Kultur géife bestëmmen. Et misst een originell Weeër fannen, fir een op deen aneren zouzegoen. "Ech géif net vum Wuert Integratioun schwätzen, well mir integréieren eis net zu eppes, mä vun Zesummeliewen."
Et wier verständlech, datt de Sujet vun der sozialer Kohäsioun am Wahljoer manner prominent an der Politik wier. Zu Lëtzebuerg géif d'Elektorat haaptsächlech aus eelere Leit bestoen, an aus Leit, déi an der Fonction publique, respektiv dem Secteur privé protégé schaffen. Et wier kloer, datt Politiker virun de Wahle fir d'éischt no deene Leit hiren Interesse géif kucken.
D'Asti wier beonrouegt, "datt am Plan d'action national d'intégration, d'Diskriminatioun als Thema net méi steet, souvill mir wëssen ..."