Auslandschronik Zerbrécht d'AfD un den Dexit-Fuerderungen?
Bei der AfD ginn d'Fuerderungen no engem däitschen EU-Austrëtt ëmmer méi haart, besonnesch bei der Basis. D'Parteispëtzt krut d'Basis um Europaparteidag a Sachsen am leschte Moment nach ëmgestëmmt. Dat kann net méi laang gutt goen.
Un de Fuerderungen no engem Dexit, also dem däitschen Austrëtt aus der Europäescher Unioun, kéint d'AfD an de nächste Joren zerbriechen. Dat kann ee gutt fannen oder schlecht - wéi och ëmmer, den AfD-Europaparteidag dëse Weekend am sächsesche Riesa huet nees gewisen, wéi déi rietsnational Partei funktionéiert.
An der nach jonker Geschicht vun der AfD gëtt et een Trend, dee sech scho méi wéi eng Kéier widderholl huet, souwuel op nationalem wéi regionalem Niveau. D'Partei tendéiert dozou, sech selwer vu bannen ze zerfleeschen. D'Partei tendéiert dozou hir Spëtzt a méi oder manner reegelméissegen Ofstänn vun zwee bis dräi Joer ofzeschéissen. Bis elo hat se domat Succès, op d'mannst wat Sondagen a Wahlresultater ugeet.
Widderhëlt sech d'AfD-Geschicht?
Als éischten huet deemools de Parteigrënner an éischte Parteichef Bernd Lucke missen dru gleewen, wéi seng eurokritesch Ziler, mat deenen d'AfD 2013 gegrënnt gouf, net méi gutt genuch ware fir Wieler ze gewannen. D'Frauke Petry huet de parteiinterne Kampf géint de Bernd Lucke mat friemefeindlechen a rassistesche Positiounen gewonnen, just fir zwee Joer méi spéit den neie Féierungskampf géint deen nach méi friemefeindlechen an nach méi rassisteschen Alexander Gauland ze verléieren.
An elo? Gesäit sech déi aktuell Spëtzt, also den Alexander Gauland an de Jörg Meuthen, den Dexit-Fuerderunge vun der Basis ausgesat. Wa sech déi "natierlech Entwécklung" bei der AfD widderhëlt, missten déi zwee Wuel geschwënn hire Poste raumen.
Nach ass et net sou wäit. Dëse Weekend, um AfD-Europaparteidag, konnte sech déi zwee nach mat Hänn a Féiss géint d'Ënnerstëtzer vun engem däitschen EU-Austrëtt wieren. D'Programmkommissioun vun der AfD, déi e provisoresche Wahlprogramm fir déi kommend Europawahlen opgesat hat, hat doranner en Dexit proposéiert - ënner der Konditioun datt an de nächste fënnef Joer net entspriechend EU-Reformen géifen duerchgesat ginn. Entspriechend Reformen, dat heescht an dësem Fall alles, wat der AfD gefält; zum Beispill d'Ofschafe vum EU-Parlament.
Parteispëtzt muss reagéieren, soss ...
Esou fest Deadlinë wieren onrealistesch, an d'AfD dierft sech net u fest Zäitpläng bannen, huet et vun den zwee Parteicheffe geheescht. Gauland, Meuthen a Co. wësse ganz genee, datt en Dexit immens schwiereg ass an engem Däitschland, wou enger rezenter Ëmfro no 79 Prozent vun de Leit der EU positiv gestëmmt sinn. An nach hu si d'Basis am Grëff: D'Fuerderung vun engem Dexit innerhalb vu fënnef Joer ass elo net méi am Wahlprogramm.
An awer: D'Reaktioune vu groussen Deeler vum AfD-Public déiten dorops hin, datt d'Parteispëtzt den Dexit net éiweg ka viru sech hin drécken. Sollten déi Fuerderungen weiderhi méi haart ginn, kéint sech d'Geschicht widderhuelen an d'AfD sech nees déi Féierungspersoune sichen, déi den neie politesche Cours matfueren.
Et gëtt awer nach eng aner Méiglechkeet: Datt d'AfD sech un der Dexit-Debatt opspléckt a verschidden Gruppen, sou wéi et grad mam rietsextreme Flillek a Sachsen-Anhalt ëm den André Poggenburg geschitt. Datt d'AfD tatsächlech un där Diskussioun zerbrécht. Dat kéint ee gutt fannen, oder schlecht - wéi och ëmmer.