Radioen

On air

Tockcity  |  Brother - Sixteen Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zentrum: déi gréng grousse Gewënner

Chamberwahlen 2018

Zentrum: déi gréng grousse Gewënner

déi gréng stellen den Usproch weider an der Regierung ze bleiwen. Eng méiglech CSV-DP-Koalitioun beschreift de François Bausch als eng Koalitioun vun "zwee Wahlverléierer".

auto_stories

4 min

  • D'CSV kënnt op 29,14 Prozent, verléiert ronn sechs Prozentpunkten par rapport zu 2013. D'Partei kënnt op siwe Sëtz, verléiert deemno ee Sëtz. Gewielt sinn: Claude Wiseler, Serge Wilmes, Diane Adehm, Viviane Reding, Marc Lies, Laurent Mosar, Paul Galles.
  • D'DP kënnt op 24,17 Prozent, verléiert ee Prozentpunkt a kënnt op fënnef Sëtz. D'Demokratesch Partei béisst domat ee Sëtz an. Gewielt sinn: Xavier Bettel, Corinne Cahen, Lydie Polfer, Simone Beissel, Guy Arendt.
  • D'LSAP kënnt op 11,73 Prozent, ronn dräi Prozentpunkte manner wéi 2013. Och d'LSAP verléiert domat ee Sëtz a kënnt domat op zwee Sëtz. Gewielt sinn: Etienne Schneider, Marc Angel.
  • déi gréng erreeche 16,2 Prozent, ronn sechs Prozent méi wéi bei de leschte Chamberwahlen. Domat gewannen déi gréng zwee Sëtz a kommen elo op véier Sëtz. Gewielt sinn: François Bausch, Sam Tanson, François Benoy, Charles Margue.
  • D'Piratepartei erreecht e Score vu 5,14 Prozent, bal dräi Prozent méi wéi 2013. Dëst Resultat entsprécht engem Sëtz an der Chamber. Gewielt ass de Sven Clement.
  • D'ADR kënnt op 6,83 Prozent, 2013 waren et der fënnef. Domat behaapt d'ADR hire Sëtz am Zentrum. Gewielt ass de Roy Reding.
  • déi Lénk kommen op 5,72 Prozent, 2013 waren et der 4,75. Domat behalen déi Lénk hire Sëtz am Bezierk Zentrum. Gewielt ass den David Wagner.

François Bausch: "Historesche Wahlerfolleg"

"D'CSV huet d'Wahlen am Endeffekt ganz krass verluer", deklaréiert de François Bausch am 100,7-Interview. déi gréng stellen den Usproch weider an der Regierung ze bleiwen. Eng méiglech CSV-DP-Koalitioun beschreift de François Bausch als eng Koalitioun vun "zwee Wahlverléierer".

Reaktioun: François Bauschplay_arrow

"D'CSV ass ugetruede mam Usproch déi Wahlen ze gewannen. Si huet se am Endeffekt ganz krass verluer. Et muss ee bedenken, datt d'CSV am Osten iwwer siwe Prozent verluer huet. Et ass nëmme mat där Opdeelung vun de klenge Wahlbezierker, wou si sech hei halbwegs iwwer Waasser halen. Wa mir an enger Situatioun wiere vun engem Wahlbezierk, da wier d'CSV fënnef/sechs Sëtz lass. 't'ass eng riseg Néierlag fir d'CSV, an d'DP ass och net Gewënner hei. Et ass relativ kloer, déi gréng stellen hei den Usproch fir an der Regierung ze bleiwen. Ech mengen et ass och dat, wat d'Leit gären hätten."

De grénge Parteipresident Christian Kmiotek reagéiert esou: "Fir mech ass et ondenkbar, datt d'CSV regéiere géif muer."

Xavier Bettel: Nei Dräier-Koalitioun ass net ausgeschloss

"Dës Regierung ass net ofgewielt ginn. Ech schléissen näischt aus, selbstverständlech net", äntwert de Xavier Bettel op d'Fro, wat seng Regierungspräferenz wier. Déi éischt Ausso vum Xavier Bettel no der Wahl ass kloer: "Mir maache weider. Et sinn haut Iwwerraschungen dobäikomm, déi een net konnt virausgesinn. D'CSV huet zwee Sëtz verluer, am Mee 2017 waren se am Sondage op 29 Sëtz."

Reaktioun: Xavier Bettelplay_arrow

Claude Wiseler: "CSV huet kloren an däitlechen Optrag fir Politik ze gestalten"

"Stärkste Partei ze sinn hei zu Lëtzebuerg ass an eisen Aen e kloren an däitlechen Optrag fir hei zu Lëtzebuerg Politik ze gestalten. Dat wollt ech kloer an däitlech haut den Owend zum Ausdrock hei bréngen", sou de Claude Wiseler, nationalen CSV-Spëtzekandidat.

Reaktioun: Claude Wiselerplay_arrow

Etienne Schneider: "D'CSV huet kee Regierungsoptrag"

"Mir hu gekämpft, a mir hunn e Resultat, dat - wéi emmer bei eis - komplizéiert ass. Als Koalitioun, an dat muss een als éischt gesinn, ee Prozent bäigeluecht an ëmmer nach eng Majoritéit. An all de Sondagen ware mer net méi gutt genuch. Mee mir hunn eng Majoritéit. An den Challenger, déi gréissten Oppositiounspartei, huet dës Wahle verluer. Dat ass kee Regierungsoptrag.

Reaktioun 1: Etienne Schneiderplay_arrow

Reaktioun 2: Etienne Schneiderplay_arrow