Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zéng Wochen tëschent den zwou Dosissen

AstraZeneca-Impfstoff

Zéng Wochen tëschent den zwou Dosissen

Tëschent den zwou Dosisse vum AstraZeneca-Impstoff sollen elo zéng Woche leien. Dat huet d'Regierung per Communiqué matgedeelt. An engem zweeten Avis hat de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses sech fir en Ecart vun aacht bis 12 Wochen ausgeschwat.

auto_stories

1 min

Nodeems den CSMI an engem éischten Avis en Ecart vu minimum véier Woche proposéiert hat, hat d'Regierung dem CSMI den Optrag ginn d'Recommandatioune fir den Impfstoff vum brittesch-schwedesche Produzent nach eemol ze iwwerschaffen.

E méi groussen Intervall géif d'Effikassitéit vum Vaccin verbesseren, seet Dr. Thérèse Staub, Presidentin vum CSMI. Den Intervall tëschent der éischter an der zweeter Dosis dierft awer net iwwer 12 Wochen erausgoen. Déi Leit, déi elo scho mat AstraZeneca geimpft goufen, géifen elo en neie Rendezvous fir hir zweet Dosis kréien.

Eng méi grouss Flexibilitéit tëschent den zwou Dosisse géif och d'Logistik vum Vaccin vereinfachen. Doduerch, datt een déi zweet Dosis vun all Vaccin net méi misst zu 100 Prozent zeréckleeën, kéinten och méi séier méi Leit geimpft ginn.

Den Ament géif och doriwwer diskutéiert ginn, ob a wéini just eng eenzeg Dosis AstraZeneca néideg wier, zum Beispill am Fall wou eng Persoun schonn eemol mam Coronavirus infizéiert war.