Fir ze verstoen, wéi effikass E-Fuels sinn, muss ee fir d'éischt wëssen, wat dës E-Fuels iwwerhaapt sinn. Electrofuels si syntheetesch, brennbar Flëssegkeeten aus deenen E-Bensinn, E-Diesel oder E-Kerosin fir Fligere kann hiergestallt ginn. Iwwer déi sougenannten Elektrolys, also d'Opsplécke vu Waasser a Waasserstoff a Sauerstoff mat Hëllef vun elektreschem Stroum, muss fir d'éischt Waasserstoff hiergestallt ginn. Geschitt dat mat gréngem Stroum, ass och den E-Fuel am Prinzip klimaneutral. De Waasserstoff muss dann nach mat CO2 verbonne gi fir eng Zort syntheetesche Pëtrol ze formen. Eng alternativ Produktiounsmethod funktionéiert iwwer déi sougenannt Methaniséierung.
D'Virdeeler vu den E-Fuels: si kënne bei klassesch fossille Pëtrolsprodukter bäigemëscht ginn, de gréissten Deel vum Auto-, Schëffs- a Fligerbestand brauch net erneiert ze ginn. Fir ze tanke kéint een den aktuelle Reseau an och d'Pipelinë benotzen: et sinn dofir och an éischter Linn d'Pëtrolsgesellschaften, déi dat fir eng ganz gutt Iddi halen.
Héich Käschten, ineffizient a knaschteg
Leider ass dat net déi ganz Wourecht: Eng rezent Etüd vum renomméierte Fraunhofer Institut kënnt zu engem ganz anere Bilan. Fir si mécht den Asaz vu E-Fuels am Stroosseverkéier kuerz a mëttelfristeg kee Sënn: Fir de grénge Stroum, deen dofir gebraucht gëtt, misst d'Produktioun bis 2050 verduebelt ginn, eleng dat scho géif e risege Flächeverbrauch no sech zéien. An da wier ee grad emol bei zéng Prozent Undeel vu grénge Waasserstoff an E-Fuels. An déi wieren da weider knapp an extreem deier. Modellrechnungen no géif de Literpräis fir E-Fuels netto bei 1,20 bis 3,60 Euro leien. Aktuell kascht de Bensinn netto tëscht 0,60 an 0,70 Cent de Liter. Och d'Käschte fir CO2-Emissiounen, déi jo dann ëmmer nach existéieren a besteiert ginn, géife bei E-Fuels wäit iwwer deene vun direkter Stroumnotzung leien. En plus entsti beim Verbrenne vun E-Fuels aner gëfteg Ofgase wéi Stéckoxiden, Kuelemonoxid a renge Stëbs. Wann d'Stied Verbrenner op hirem Territoire bis verbidden, sinn déi Motore sou oder sou oninteressant.
E-Fuels do notze wou et Sënn mécht, net am Auto
Ekonomesch an ekologesch méi sënnvoll ass et, de ganze produzéierte grénge Stroum direkt an Elektroautoen ze verbrauchen amplaz en ëmzewandelen. De Wierkungsgrad vun Elektromotoren ass par Rapport zum Verbrenner nämlech vill méi héich. 70 Prozent vu der Energie aus engem Akku ginn a Beweegung ëmgesat, beim Verbrenner sinn et just eppes iwwer 20 Prozent. De Rescht verpufft als Hëtzt.
Trotzdeem, sou de Fraunhofer Institut, wäerten E-Fuels an Zukunft hir Roll spillen, an dat méi speziell do, wou se net ze ersetze sinn: An der Stolindustrie, am Schëffs- a Fligertransport, an der cheemescher an an der Pharmaindustrie. A well se do dréngend gebraucht ginn an e rare Produit bleiwen, sollte se net an Autoe verbrannt ginn.