Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wuesstem kloer encadréieren

Wirtschaftsprognosen

Wuesstem kloer encadréieren

Fir d'éischte Kéier zanter zéng Joer gëtt sech an der ganzer EU e Wuesstem fir dëst an d'nächst Joer erwaart. Doriwwer ass d'EU-Kommissioun frou. An der Wirtschaftschronik gëtt hannert déi Entwécklung gekuckt.

auto_stories

2 min

Wéi soll d'Globaliséierung ausgesinn?, freet d'Tessy Steffen-Koenig

An der Etude mam Titel "Duerch schwiereg Gewässer navigéieren" rechent Bréissel fir dëst Joer mat engem Wuesstem vun duerchschnëttlech 1,6 Prozent an der EU. D'nächst Joer soll dee Wuesstem op 1,8 Prozent klammen.

Allerdéngs geheie verschidde politesch Entwécklungen an Europa an an den USA e Schied op déi positiv Wirtschaftsprognos vun der EU-Kommissioun: Wéi wäerte sech d’Wahlresultater dëst Joer an Holland, Frankräich an Däitschland op d'Ekonomie auswierken? Wéi eng Roll spillen d'Brexit-Diskussiounen a wéi en Afloss huet den neien US-President Donald Trump? Nach ass net ganz kloer, wéi seng Regierung sech ausriichte wäert. Feststeet, datt den Donald Trump op enger protektionistescher Schinn fiert.

Vill protektionistesch Iddien

Den US-amerikanesche Staatschef wëll manner fräien Handel a méi Zoll a Steieren op Importer fuerderen. Hie wéilt domat déi amerikanesch Wirtschaft schützen, seet den Donald Trump. An Holland an a Frankräich sinn et d'Rietspopuliste Geert Wilders a Marine Le Pen, déi ähnlech Iddie wëllen duerchsetzen.

Esou wéi d'EU den Ament wirtschaftlech strukturéiert ass, kënnen awer grouss Risiken optrieden, wann de fräien Handel zréckgeschrauft gëtt. Deem Protektionismus géigeniwwer steet de CETA-Fräihandelsaccord tëscht Kanada an der EU. Dësen ass virgëschter vum EU-Parlament gestëmmt ginn a soll en Zeeche setzen: Fir d'Globaliséierung a fir eng Politik, déi net an Handelskricher ausaart.

Wéi eng Zort Globaliséierung?

Elo stellt sech also d'Fro, wéi eng Zort Globaliséierung d'Chance huet an der Zukunft weider ze bestoen: Weder de komplette Fräihandel nach déi komplett Ofschottung féieren zu enger méi gerechter a méi nohalteger Wirtschaft.

Wann all EU-Memberstaat, zum Beispill an der Steierpolitik, seng Kiischte vum Kuch pléckt, vergréissert dat just de Konkurrenzdrock tëscht de verschiddenen EU-Länner: Sécher huet dëse System Gewënner, mee op der anerer Säit ginn et grad sou sécher Verléierer. Lëtzebuerg huet selwer an der Vergaangenheet vun esou Nische konnte profitéieren.

Wann een awer eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum wëll, dann ass dat just mat enger méi harmoniséierter Steier-, Budgets a Wirtschaftspolitik méiglech. An dann ass de Wirtschaftswuesstem an de fräien Handel u sech net problematesch: E muss awer kloer encadréiert sinn a politesch an nohalteg Ziler verfollegen.