Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: "Mir gesi keen imminente Risiko"

No enger woch turbulenzen am finanzsecteur

Yuriko Backes: "Mir gesi keen imminente Risiko"

D'Clientë vun de Lëtzebuerger Banke musse sech keng Suerge maachen, esou d'Berouegung vun der Lëtzebuerger Finanzministerin, no enger Woch Turbulenzen am internationale Finanzsecteur. "Mir gesi keen imminente Risiko", seet d'Yuriko Backes. D'Problemer vu verschiddene Banken an den USA a vun der Schwäizer Groussbank Credit Suisse hu jo fir Onrou op de Finanzmäert gesuergt.

auto_stories

2 min

Déi europäesch Zentralbank misst kucken, datt si d'Inflatioun an de Grëff kritt, esou d'Yuriko Backes. (Foto: Bigstock / ilolab)

Lauschterenplay_arrow


Wéinst der aktueller Situatioun wier si natierlech mat den zoustännegen Acteuren a Kontakt. An der Haaptsaach mat der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF, esou d'Ministerin Yuriko Backes.

"Sou wéi ech informéiert sinn, si lo wierklech keng Risike fir eis Finanzplaz hei ze gesinn. Mir suivéieren dat natierlech de près, au jour le jour, an ech sinn do lo net weider extrem inquietéiert, op Basis vun deenen Informatiounen, déi mir elo zur Verfügung stinn."

Déi grouss Schwäizer Bank Credit Suisse, déi jo weider mat Problemer ze kämpfen huet, ass och mat verschidden Aktivitéiten hei am Land aktiv. Och dat soll awer keen direkten Impakt op Lëtzebuerg hunn, seet d'Yuriko Backes.

EZB muss Inflatioun an de Grëff kréien

D'Fro no enger Reaktioun vum Lëtzebuerger Staat, wann et awer zu engem Ustieche kéim duerch Problemer vu Banken am Ausland, géif sech der Finanzministerin no, fir de Moment net stellen.

"Well mir net an enger Situatioun sinn, wou eng Bank muss gerett ginn. Wa mir an esou enger Situatioun sinn, da wäerte mir mat alle relevanten Acteuren natierlech kucken, wat do ze maachen ass."

Déi europäesch Zentralbank misst kucken, datt si d'Inflatioun an de Grëff kritt. Dat wier de Moment net einfach, betount d'Yuriko Backes am Kontext vun der sechster Erhéijung vum Leetzëns fir d'Eurozon.

D'EZB misst natierlech hir Responsabilitéit huelen. Hir aktuell Politik wollt d'Finanzministerin awer net weider kommentéieren.