Radioen

On air

Notturno  |  Rob Moose - Marvel Room Feat. Bon Iver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: Méiglech Degradatioun vu Finanzsituatioun vum Staat

Staatsfinanzen

Yuriko Backes: Méiglech Degradatioun vu Finanzsituatioun vum Staat

Et muss an den nächste Méint mat enger Degradatioun vun der Finanzsituatioun vum Staat gerechent ginn, esou d'Conclusioun vun der Finanzministerin Yuriko Backes bei der Presentatioun an den zoustännege Chamberkommissioune vun den Zuele fir dat éischt Semester vun dësem Joer. Als Stéchwierder huet si ë.a. de geopolitesche Kontext an déi héich Inflatioun genannt.

auto_stories

2 min

D'Finanzministesch Yuriko Backes bei der Chamberkommissioun iwwer Visiokonferenz: Foto: Finanzministère

Lauschterenplay_arrow


D'Recettë vum Staat sinn am éischte Semester ëm gutt 10 Prozent am Verglach mat den éischte sechs Méint 2021 geklommen. Eleng bei der Lounsteier war et e Plus vun 18 Prozent.

D'Depensë vum Staat sinn an der éischter Hallschent vum Joer ëm knapp zwee Prozent geklommen.

Hëllefe kënnen, trotz Defie fir Staatsfinanzen

Um Enn vun den éischte sechs Méint vun dësem Joer wier d'Finanzsituatioun vum Staat manner schlëmm wéi e sech dat hätt kënnen erwaarden, esou d'Finanzministerin.

"Ënner dem Stréch si mer an enger relativ confortabeler Situatioun."

Fir déi nächst Méint rechent d'Yuriko Backes awer mat groussen Defie fir d'Staatsfinanzen.

Trotzdeem wéilt ee weider an der Situatioun sinn, datt ee weider do hëllefe kann, wou et wierklech néideg ass, och wann et eng Degradatioun vun der Finanzsituatioun vum Staat gëtt an d'Inflatioun weider an d'Luucht géif goen.

CSV wonnert sech iwwer "Weltënnergangsstëmmung"

Op Säite vun der Oppositioun wonnert ee sech iwwer d'Analys vun der Finanzministerin bei der Presentatioun vun de Semesterzuelen.

D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Diane Adehm fënnt et "erstaunlech", datt d'Ministesch eng "Weltënnergangsstëmmung un d'Mauer gemoolt" huet. "Well hir Zuele weisen dat guer net", esou d'CSV-Deputéiert.

De Krich an der Ukrain hätt bis elo nach guer keen Impakt op d'Finanze vum Lëtzebuerger Staat gehat: dat hätt d'Finanzministerin Yuriko Backes den Deputéierte bei der Presentatioun e puer Mol erkläert, esou d'Diane Adehm.