Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Yuriko Backes gëtt nei Finanzministerin

Regierung

D'Yuriko Backes gëtt nei Finanzministerin

D'Yuriko Backes iwwerhëlt Ufank 2022 d'Successioun vum Finanzminister Pierre Gramegna, deen dës Woch iwwerraschend demissionéiert huet. Dat huet d'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen haut virun der Press annoncéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Comité directeur hätt d'Yuriko Backes unanime proposéiert als nei Finanzministerin, esou d'Corinne Cahen virun der Press.

Déi 50 Joer al Yuriko Backes ass zanter gutt engem Joer Hofmarschall, fréier Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg a fréier diplomatesch Beroderin vun de Regierungscheffe Xavier Bettel a Jean-Claude Juncker.

D'Yuriko Backes huet dës Woch eng Parteikaart bei der DP geholl - dat obwuel si laang Zäit kenger Partei wollt bäitrieden. Op Nofro huet si ugekënnegt, 2023 mat an d'Chamberwale wëllen ze goen. D'Yuriko Backes wier déi éischt Fra, déi zu Lëtzebuerg de Finanzministère iwwerhëlt, huet de Premierminister Xavier Bettel virun der Press ënnerstrach.

De Finanzministère wier eng grouss Erausfuerderung, esou de Premier. "Et ass een Defi, deen ech unhuelen", esou d'Yuriko Backes. Si kéim zwar net aus dem Finanzsecteur, mee si wéilt sech investéieren. De Pierre Gramegna hätt d'Lat héich geluecht a si wéilt "ee wierdege Successeur" sinn.

De Pierre Gramegna huet ugekënnegt, de 16. Dezember fir de Vott vum Staatsbudget 2022 nach Finanzminister wäerten ze sinn. De Wiessel ass fir Ufank vum neie Joer geplangt.

Den Depart vum aktuelle Finanzminister Pierre Gramegna soll zäitgläich mat deem vum Dan Kersch a Romain Schneider organiséiert ginn. Et wier een dowéinst mam Grand-Duc a Kontakt, esou de Xavier Bettel virun der Press. D'Yuriko Backes soll am Januar de Finanzministère iwwerhuelen.