Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes gesäit "duerchduecht a responsabel Budgetspolitik" vir

Situatioun vun de Staatsfinanzen

Yuriko Backes gesäit "duerchduecht a responsabel Budgetspolitik" vir

D'Situatioun vun de Staatsfinanze wäert sech dëst Joer verschlechteren: den Defizit beim Zentralstaat soll fir 2022 bei 1,6 Milliarden Euro leien. Dat si ronn 400 Milliounen Euro méi Defizit, wéi am Budget virgesi war, esou d'Budgets- a Finanzministerin Yuriko Backes an der Chamber, bei der Presentatioun vun der aktualiséierter Versioun vum Stabilitéits- a Wuesstemspakt: een Dokument, dat d'Regierung der EU-Kommissioun bis Enn Abrëll wäert schécken.

auto_stories

2 min

D'Yuriko Backes ass Budget- a Finanzministerin. Foto: Archiv.

Lauschterenplay_arrow


Och déi nächst véier Joer soll et all Kéier een Defizit beim Zentralstaat ginn.

D'Regierung rechent fir dëst Joer mat enger Wirtschafts-Croissance vun nëmmen nach 1,4 Prozent. Déi ëffentlech Investissementer sollen awer och an den nächste Joren op engem héijen Niveau bleiwen. D'Staatsschold soll bis 2026 ënner 30 Prozent vum PIB bleiwen.

De Stabilitéits- a Wuesstemspakt an den nationale Reformprogramm waren de 25. Abrëll vum Regierungsrot ugeholl an de 26. Abrëll zu Senneng de Sozialpartner presentéiert ginn. Um Mëttwoch Mëtteg goufe béid Dokumenter an der Chamber virgestallt.

D'Pandemie hätte mir nach net ganz hannert eis, sot d'Yuriko Backes hei, a gläichzäiteg hätte mir mat enger Rekordinflatioun a mat engem brutale Krich an Europa ze dinn. Bei der Presentatioun um Krautmaart hat si och ugekënnegt, datt si wëlles hätt, an dëser Situatioun eng "duerchduecht a responsabel Budgetspolitik" ze maachen:

"Responsabel sinn, dat heescht dofir ze suergen, datt aus enger geopolitescher Kris net eng déif Wirtschaftskris gëtt."

"Vill Onsécherheet a wéineg Previsibilitéit"

Wéi fir 2022 soll et awer och déi nächst véier Joer hei am Land all Kéier een Defizit beim Zentralstaat ginn. D'Regierung rechent fir dëst Joer mat enger Wirtschafts-Croissance vun nëmmen nach 1,4 Prozent:

"D'Situatioun virun där mir stinn ass deemno gepräägt vu vill Onsécherheet a wéineg Previsibilitéit. Dëst dierf ons awer net dovun ofhalen eis Investissementer weider héich ze halen."

Déi ëffentlech Investissementer sollen deemno och an den nächste Joren op engem héijen Niveau bleiwen: dëst Joer sollen se bei 3,15 Milliarde leien an 2026 bei 3,8 Milliarden Euro.

D'Staatsschold soll bis dohinner bei all Kéier ënner 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung bleiwen, bei tëschent ronn 25 a 26 Prozent.