Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Youth for Climate: "D'Pandemie huet eis am Ufank iwwerfuerdert"

KLIMAAKTIVISMUS

Youth for Climate: "D'Pandemie huet eis am Ufank iwwerfuerdert"

Hir Beweegung hätt wärend der Pandemie besser kënne kommunizéieren, sou d'Klimaaktivistin Zohra Barthelemy. Op grouss Protestaktiounen hätt een an der Lescht awer bewosst verzicht, fir den Infektiounsrisiko kleng ze halen

auto_stories

2 min

Déi jonk Klimaaktivistin Zohra Barthelemy seet, hir Beweegung hätt wärend der Pandemie besser kënne kommunizéieren. Normalerweis hätt ee sech ee Mol d'Woch gesi fir ze schaffen. Mee wéi esou vill aner Leit, wieren awer och d'Organisateure vun de Klimaprotester am Ufank vun der sanitärer Kris iwwerfuerdert gewiescht:

"Mir sinn alleguerte SchülerInnen - vill vun eis 18, oder méi jonk. An natierlech war dat och fir vill vun eis privat eng Belaaschtung, well sech alles geännert huet. Schoulesch ware guer keng Strukture méi do. Den Homeschooling huet vill Leit komplett aus der Bunn gepucht. Dat heescht: Et muss een och éierlech soen, datt déi politesch Beweegung vläicht an deenen éischte Méint net onbedéngt d'Prioritéit war, well mir alleguer - wéi de Rescht vun der Bevëlkerung, awer immens frappéiert waren."

D'Aktiviste vu Youth for Climate hätten um Ufank vun der sanitärer Kris bewosst decidéiert keng grouss Protestaktioune mat ville Leit méi ze organiséieren. D'Gesetz verbitt esou Demonstratiounen zwar net, mee net alles wat erlaabt ass, wier och moralesch vertrietbar, esou d'Zohra Barthelemy. An nächster Zäit wieren awer nees vereenzelt méi kleng Aktiounen am ëffentleche Raum geplangt.