Radioen

On air

Tockcity  |  SALÒ - Universal Punks Fuck Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: "Mir waren immens ënner Drock"

NATO-SOMMET

Xavier Bettel: "Mir waren immens ënner Drock"

Sou laang de Krich an der Ukrain net eriwwer ass kann ee keng Agenda fir de Bäitrëtt vun der Ukrain an d'Nato festleeën, seet de Premier Xavier Bettel am 100komma7-Interview.

auto_stories

1 min

De ganzen Interview mam Xavier Bettelplay_arrow


Lëtzebuerg war als Schlussliicht ënnert de Nato-Memberen, wat de Budget fir d'Depense ugeet, "e bëssen de Paria ënnert deenen, déi mat maachen", sou de Premier Xavier Bettel. Hie wier frou, datt dee Montant elo anescht soll berechent ginn an de Grand-Duché wier "kreativ genuch, fir op um Enn dee gewënschte Volume fir den Depense-Budget ze erreechen".

Am 100komma7-Interview kuckt de Premier op d'Resultat vum Nato-Sommet zu Vilnius, op d'Enttäuschung vum ukrainesche President Selenskyj, op d'Signal, wat d'Nato a Richtung Russland schéckt, op de Lëtzebuerger Plang, fir d'Ausbildung vu F16-Piloten ze finanzéieren an op d'Ausnam, déi an Zukunft soll fir de Grand-Duché gemaach ginn beim Berechne vun der Nato vum Volume vum nationalen Defense-Budget.