Informellen EU-Sommet Xavier Bettel: "Mir hëllefen do, wou mer kënnen"

Virun der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe wieren d'Meenungen net onbedéngt déi selwecht gewiescht, mee et hätt een et fäerdeg bruecht ee positive Message un d'Ukrain ze schécken, esou de Staatsminister Xavier Bettel nom informellen EU-Sommet zu Versailles am 100,7-Interview.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

De Xavier Bettel um informellen EU-Sommet zu Versailles
De Xavier Bettel um informellen EU-Sommet zu Versailles. Foto: EU / Fabrice Balsamo

Lauschteren


Et hätt een déi ganz Reegelen a Prozedure fir e méiglechen EU-Bäitrëtt vun der Ukrain net iwwer Bord geheit, ënnersträicht de Xavier Bettel. Et wier een awer an enger extra Situatioun an dofir géif et drëms goen "e bësse Kreativitéit ze weisen".

D'EU hätt ee Solidaritéitsfong an et hätt een der Ukrain humanitär, politesch a materiell gehollef, seet de Xavier Bettel. "Mir hëllefen iwwerall do, wou mer kënnen."

"Dat, wat mer net dierfe maachen, ass selwer mat Militär present ze sinn, well dat géif schif ausgoen."

Den Josep Borrell, Aussebeoptraagte vun der EU huet annoncéiert, et wéilt een der Ukrain weider 500 Milliarden Euro zur Verfügung stelle fir Rüstungsinvestissementer.

Flüchtlingen: Eenegkeet an der EU

Et besteet Eenegkeet beim Accueil vun ukrainesche Flüchtlingen. "Den Accueil vu Flüchtlinge gehéiert zu engem Europa a selbstverständlech muss dat ordonéiert sinn", betount de Xavier Bettel.

Fir de Lëtzebuerger Staatsminister kann et net sinn, datt een déi europäesch Staaten, déi eng Grenz mat der Ukrain hunn, am Stach léisst a seet, si misste selwer eens ginn.

De wirtschaftlechen Impakt kleng halen

D'Kris an der Ukrain huet och ee groussen Impakt op d'Wirtschaft an der EU. "Déi Previsiounen, déi gemaach goufen, wäerte manner gutt ausfale wéi dat, wat een ouni déi Kris hätt kënnen hunn", esou de Xavier Bettel am 100,7-Interview.

Et géif drëm goen den Impakt op d'Wirtschaft esou kleng wéi méiglech ze halen. D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU haten dowéinst och en Echange mat der Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank.

Energiepräisser: Bierger a Betriber ënnerstëtzen

D'EU-Kommissioun hätt um EU-Sommet garantéiert, datt si Ännerunge bei de Staatshëllefe géif proposéieren. "Dat ass ganz wichteg", seet de Xavier Bettel, et géifen nämlech Betriber ginn, déi zécke fir op ze bleiwen, well d'Käschten ze héich wieren.

"Dat sinn ëmmer Momenter, déi fir eng Wirtschaft schlecht sinn. Dofir musse mer kucken eis Moyenen ze gi fir datt de Bierger net erstéckt, an datt d'Betriber nach weider funktionéiere mat den héijen Energiepräisser."

D'EU-Kommissioun hätt awer net gesot, wéini dës Ännerunge komme sollen, "mee am beschten an den nächsten Deeg", esou de Xavier Bettel.

Méi zum Thema

Jean Asselborn
Ukrain-Krich

378 ukrainesch Flüchtlinge gi momentan an de staatleche Strukture betreit, virun allem Fraen a Kanner. Domat ass iwwer d'Hallschent vun den 803 Better a siwe Strukture beluecht.

Fändele vun EU an Ukrain
EU-Bäitrëtt vun der Ukrain

D'Europäesch Unioun weist Solidaritéit par rapport zur Ukrain. D'Demande fir Member vun der EU ze ginn, gëtt notéiert. Et ass awer éischter eng Laang-Zäit-Perspektiv.

Wolodymyr Selenskyj
Emouvant Sëtzung am Europaparlament

Aussergewéinlech Sëtzung am Europaparlament: Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gouf bäigeschalt. Hien huet op en Neits ugefrot, datt säi Land Memberstaat an der EU sollt ginn.

Illustraiotun Tansport Panzerofwierrakéit
Krich an der Ukrain

D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee. D'Memberlänner wëllen ënner anerem eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrëschtung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen. Dat ass eng Première fir d'EU.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen