Polen, an awer och Ungarn, haten am Virfeld vun der Reunioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen den Asyl-Accord schaarf kritiséiert, iwwer dee sech d'Inneministere vun de 27 EU-Länner virun dräi Wochen eens gi waren. Béid Länner stäipe sech géint dee geplangte Stabilitéitsmechanismus, dee virgesäit, datt d'Länner Refugiéë mussen ophuelen oder een Ausgläich bezuelen.
"Dat, wat decidéiert gouf, sollt net nees a Fro gestallt ginn." Dat sot de Premier Xavier Bettel mëttes kuerz virum EU-Sommet.
Polen hat esou guer mat engem Veto gedreet, woubäi net kloer ass, wéi dat funktionéiere géif. D'Decisiounen an der Migratiounspolitik ginn nämlech den EU-Traitéen no vun den Inneministere geholl, an zwar mat qualifizéierter Majoritéit.
Um EU-Sommet awer gëllt d'Unanimitéit, wat engem Land ëmmer d'Méiglechkeet gëtt, eng Decisioun ze blockéieren. Déi Diskussioun hätt näischt um EU-Sommet ze sichen, sou de Xavier Bettel. D'Staats- a Regierungscheffe sollte "sech net als Geisel huele loossen".
Externalisatioun vun Asylprozeduren: Ëmmer méi Länner sinn dofir
Verschidde Länner wéi Dänemark oder Éisträich géife gären iwwer "innovativ Léisungen" bei Asylprozedure schwätzen. Dobäi geet et drëm, déi Prozeduren no baussen ze verlageren, erkläert den éisträichesche Kanzler Karl Nehammer.
"Wenn wir das Sterben im Mittelmeer tatsächlich verhindern wollen, brauchen wir ein neues Denken in der Kooperation mit Drittstaaten, und in weiterer Folge müssen wir daran denken, dass Asylverfahren möglich sind in sicheren Drittstaaten."
Lëtzebuerg ass domat net d'Accord fir Asylprozeduren no baussen ze verlageren. D'Basis vun der Asylpolitik misste weiderhin déi international Rechter sinn, sou de Xavier Bettel.
D'Zuel vun deene Länner an der EU, déi sech fir eng Externalisatioun vun den Asylprozeduren ausschwätzen, géif awer wuessen, huet de Premier zouginn.
Bettel: "Eng Rëtsch vun Hardliner, déi ee virdrun net esou kannt huet"
Et géif an der EU eng Rëtsch vu Regierunge ginn, déi "zimmlech Hardliner a Migratiounsfroe sinn". Do hätt sech eng Front gebilt, déi ee virdrun net esou kannt huet. De Premier huet déi Entwécklung als geféierlech bezeechent.
"Wann op eng Kéier Mëtt-Parteie mengen, datt se missten Extremisten nomaachen, ass dat eng ganz kuerz Rechnung, well à moyen terme maache se déi riets Parteie staark, andeems se déi kopéieren."
D'EU sollt bei hire Wäerter bleiwen sou och nach de Premier. Dat géing heeschen, datt internationaalt Recht muss respektéiert ginn.