Engersäits Collaborateuren, anerersäits Konkurrenten, sou beschreift de Premier Xavier Bettel d'Relatiounen tëscht dem Grand-Duché an Irland.
Eng gewësse Konkurrenz?
Effektiv fuere béid Länner op enger änlecher Schinn. Hir jeeweileg Finanzplaze gehéieren zu deene wichtegsten an Europa. Irland ass och am digitale Beräich ganz aktiv a Sëtz fir vill vun de groussen internationalen Acteure wéi Apple, Facebook oder Microsoft.
Et gëtt also eng gewësse Konkurrenz, trotzdeem, oder grad dowéinst wier et wichteg, datt béid Länner hir Kooperatioun verstäerken, betount de Premier Xavier Bettel.
"Et sinn Opportunitéiten hei. Mir gesinn, datt et am Logisteschen, Maritimmen, an Digitalen Opportunitéite ginn. Och fir Lëtzebuergesch Betriber. An dofir si mir zwee heihinner komm, fir d'Dieren opzemaachen. do, wou d'Opportunitéite vläicht nach net bestinn. An dofir si mir och frou, ee Forum ze hunn, mat ireschen a Lëtzebuerger Betriber an Investisseuren."
De Xavier Bettel geet an deem Kader den Dogpatch Lab kucken, de gréissten Hub fir Start-Upen an Irland. Duerno ass eng Renconter mam iresche President Michael Higgins geplangt. D'Mëttegstonn bestëmmt en Aarbechtsiesse mam Ausseminister Micheàl Martin, éier de Premier dann de Business-Forum opmécht.
Gespréicher mam President vum Eurogrupp
Am spéiden Nomëtteg kënnt de Xavier Bettel mat sengem ireschen Homologue Leo Varadkar zesummen. No deem Meeting ass och déi éischt offiziell Deklaratioun fir dës Auslandsvisitt geplangt.
D'Finanzministesch ass hirersäits am Hafe vun Dublin ënnerwee, fir de Volet Logistik vun der Visitt. Am Laf vum Dag huet si dann nach Gespréicher mam President vum Eurogrupp, Paschal Donohoe, souwéi mam neien iresche Finanzminister Michael McGrath.
Am fréien Owend ass dann eng Receptioun en Vue vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag. An zum Ofschloss vun dëser dach ganz kuerzer Visitt gëtt déi bekannte Samuel Beckett Bridge zu Dublin an de Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel beliicht.