Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Liewensgeschichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel a Lex Delles op Visitt am Vietnam

Virschau

Xavier Bettel a Lex Delles op Visitt am Vietnam

De Premier Xavier Bettel ass zesumme mam Mëttelstandsminister Lex Delles a mat enger Wirtschaftsdelegatioun offiziell am Vietnam op Besuch. D'Visitt dauert bis de Freideg. Am Mëttelpunkt stinn déi politesch, wirtschaftlech a finanziell Relatiounen.

auto_stories

2 min

D'Repercussioune vum Klimawandel op d'Stad Ho Chi Minh wäerten diskutéiert ginn. (Foto: Bigstock / hokle1305)

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg ass u gudde wiertschaftleche Relatioune mam Vietnam interesséiert. Zënter 2020 gëtt et en Fräihandelsaccord tëschent der EU an dem südostasiatesche Land an en Investitiounsschutzofkommes muss nach vun den EU-Memberlänner ratifizéiert ginn.

Import an Export

Lëtzebuerg ass ënner anerem wéinst der Fongeplaz deen Drëttgréissten Investor vun den EU-Länner am Vietnam. D'Exportatiounen an d'Importatiounen hätten sech zënter 2019 quasi verduebelt, esou déi offiziell Zuelen. 2022 louch de Volume vum Wuerenhandel bei ronn 165 Milliounen Euro.

Lëtzebuerg Exportéiert virop Textilmaterialen, Maschinnen, Geräter oder nach Metaller. Op der anerer Säit importéiert Lëtzebuerg Kleeder, Schong oder nach elektronesch Apparater.

Lëtzebuerger Entreprisen am Vietnam

Op der Visitt am Vietnam steet deemno och de Vietnam-Luxembourg Business Forum am Mëttelpunkt, organiséiert vun der Chambre de Commerce. 24 Lëtzebuergesch Entreprisen huelen um Forum deel. Aktiv Entreprisen am Vietnam sinn ënnert anerem d'Cargolux, Arcelor Mittal, Paul Wurth, SES oder nach B Medical Systems.

Et ass och eng Visitt vun enger ganz moderner Fabrick, déi Autoen hierstellt geplangt. Op enger Surface vun 100.000 m2 mat 1.200 Roboter ginn ënner anerem elektresch Gefierer produzéiert. Donieft soll iwwer d'Relatioun tëschent der sozialistescher Republik an der Europäescher Unioun diskutéiert ginn.

Echange iwwer Klimawandel

Politesch ass Lëtzebuerg fir de Vietnam interessant wéinst der EU. De Vietnamesesche Premier hat bei senger Visitt am Dezember d'lescht Joer hei am Land Lëtzebuerg opgefuerdert, ee gutt Wuert bei der Europäescher Kommissioun fir dat asiatescht Land anzeleeën. Hannergrond ass eng Giel Kaart déi de Vietnam wéinst senger illegaler Fëscherei krut.

Zum Schluss vun der Vietnam Rees huet de Premier Xavier Bettel nach en Echange mat Experten iwwer d'Repercussioune vum Klimawandel op d'Stad Ho Chi Minh. Ho Chi Minh City zielt zu den zéng Metropole weltwäit, déi am stäerkste vum globale Klimawandel betraff sinn.