Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Say, Can You Hear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wunngeld: "Et ass keng Fro vu Schummen, et ass eng Fro vu Recht drop hunn"

Loyerssubventiounen

Wunngeld: "Et ass keng Fro vu Schummen, et ass eng Fro vu Recht drop hunn"

Fir datt an Zukunft méi Leit vun der Loyerssubventioun profitéieren, wëllt de Logementsminister Henri Kox zousätzlecht Personal astellen an eng nei Kommunikatiounscampagne lancéieren.

auto_stories

3 min

Dem Logementsminister Henri Kox no solle méi Leit vu Logementssubventioune profitéieren. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Besoin fir eng besser Kommunikatioun ass do: bis elo gräift just knapps ee Fënneftel vun de Leit, déi een Urecht drop hunn, och wierklech op d'Wunngeld zréck.

Administrativ Entschlackunge solle beim Dossier hëllefen

Am Resonord, dem Sozialcenter vun néng Nordgemengen, huet een dofir verschidden Erklärungen. Eng dovun ass de Pabeierkrom, seet d'Jenny Morais, déi beim Resonord als Assistante sociale schafft. Si hëlleft do, wann et Problemer mam Opstelle vum Dossier ginn.

De Formulaire wier net de Problem, et wieren éischter déi verschidde Pabeieren, déi gefrot ginn, wéi zum Beispill d'Preuvë vum Akommes. Dat géif bei de concernéierte Leit nämlech dacks wiesselen: "Et sinn net onbedéngt Leit, déi eng fest Aarbecht hunn a wou all Mount ee Paiziedel do ass", esou d'Jenny Morais.

Dem Logementsminister Henri Kox ass de Problem bekannt, seet hie selwer. Am rezent reforméierte Wunngeld ass dowéinst eng "administrativ Entschlackung" virgesinn.

De Logementsministère géif da selwer Demandë bei den aneren Administratioune maachen, déi virdrun de Client selwer gemaach huet. "Dat ass schonn eng ganz grouss Vereinfachung", seet den Henri Kox.

Laang Waardezäiten: fënnef Leit sollen agestallt ginn

Et ginn awer och Retarde beim Traitement vun den Dossieren op Säite vum Service Aides au Logement, seet d'Jenny Morais.

D'Leit missten deelweis bis zu zéng Méint op dat Geld waarden, wat awer all Mount fir de Loyer gebraucht gëtt.

De Minister weess vu sou laange Waardezäiten näischt. Hie gëtt awer zou, datt de Service opgestockt muss ginn: fënnef Leit sollen do deemnächst agestallt ginn.

Informatiounen iwwer staatlech Hëllefen: méi Leit erreechen

Bis elo kréie knapps 20 Prozent vun deene Leit, déi d'Konditiounen erfëllen, d'Wunngeld. Wisou ass deen Taux esou niddreg? Dem Henri Kox no ginn et heivir verschidden Ursaachen:

"Déi eng déi wëssen et net, déi aner schumme sech vläicht, mee et ass keng Fro vu Schummen, et ass eng Fro vu Recht drop hunn."

Dem Henri Kox säin Zil ass et, dësen Taux op 50 bis 60 Prozent eropzekréien. Am Hierscht wäert dofir eng Kommunikatiounscampagne lancéiert gi fir d'Loyerssubventioun méi bekannt a méi verständlech ze maachen.

Den Terrain soll do mathëllefen, seet de Logementsminister, dofir wéilt een d'Office-socialle cibléiert uschreiwen - dat wieren nämlech "ganz wichteg Partner", seet de Logementsminister.

"Et geet jo drëms, datt mer Multiplicateuren hunn, an da musse mer och eis sproochlech Barrièrë vläicht nach eemol iwwerdenken."

Vun August u kann ee grousse Stot, dee mat wéineg Revenu um Privatmarché lount, bis zu 400 Euro Wunngeld de Mount kréien.

Nieft der Hausse, déi de Logementsminister an den Tripartitesaccord afléisse gelooss huet, gëtt och de Krees vun de potentielle Beneficiairë méi grouss gemaach.