An der Mediekommissioun vun der Chamber um Dënschdeg Mëtteg war de Radio ARA awer och allgemeng d'Zukunft vun de d'Biergermedien e grousst Theema.
Eng separat Léisung fir d'Biergermedien
D'Francine Closener vun der LSAP seet, et wier een op der richteger Schinn fir déi existéierend Problemer ze léisen, mee et misst een net just un de Radio ARA denken. D'LSAP fuerdert dofir een Inventaire fir Biergermedien opstellen ze loossen, éier een no Léisunge sicht. Och d'Hëllefe vum Éditeur émergent solle vun zwee op dräi Joer ugepasst ginn, fir Startschwieregkeeten ze vermeiden.
D'Biergermedie sollen elo net méi ënner dat proposéierte Gesetz fir d'Pressehëllef falen. D'Léisung fir de Radio ARA soll eng Konventioun mam Medieministère sinn, déi warscheinlech vun 2022 un an iwwer fënnef Joer lafe soll.
"Ee grousse Basar"
Den David Wagner, Deputéiert vun déi Lénk kritiséiert op facebook, datt domat de Problem op laang Dauer net geléist ass, mee d'Regierung "ee grousse Basar" fir kleng Medie schaaft.
Mir hate lo grad eng Mediekommissioun wou et em d'Gesetz iwwert d'Pressehëllef gaangen ass. Ech muss hei awer e puer...
Gepostet von David Wagner am Dienstag, 2. Februar 2021
Op Wonsch vu verschiddenen Deputéiert géif dem Medieministère elo d'Propos vun engem Gesetz à part fir déi sougenannte community media gemaach ginn, esou de Guy Arendt, President vun der Mediekommissioun.
De Radio ARA huet zanter dem leschte Joer an der Ëffentlechkeet op seng prekär Situatioun higewisen.
Op enger Demonstratioun e Méindeg virun der Chamber huet de Radio ARA kritiséiert, datt d'Fro "wéi d'Medielandschaft vu muer ausgesäit" "a kenger vun deenen aktuellen Diskussiounen wierklech zougelooss gëtt."
Och wann een elo ënnerstëtzt géif ginn, wéisst een net, ob d'Regierung verstanen hätt, ëm wat et wierklech geet. "Biergermedie sinn immens wichteg fir eng lieweg a gesond Gesellschaft", esou d'Lisa McLean, déi sech ëm déi englesch-sproocheg Programmatioun um Sender këmmert.
Wichteg Fortschrëtter fir de Radio ARA
Wärend der éischter Well vun der Pandemie hat de Radio ARA Noriichtesendungen op zéng verschiddene Sprooche lafen, fir eng ganz Rei Minoritéiten iwwer de Verlaf vum Virus informéiert ze halen.
Och am Moment géif ee Leit eng Plattform bidden, déi duerch d'Pandemie hir Aarbecht verluer hätten oder Museker, déi vun der Fermeture vu Concertsplaze betraff sinn.
No dräi Joer Gespréicher wier een awer frou iwwer den Uruff vum Medieministère.
Et hätt een dem Ministère all d'Konten opgeluecht, fir ze weisen, wat een hätt a wat ee bräicht, esou d'Lisa McLean.
E wichtege Punkt an der Konventioun fir de Radio ARA ass, datt d'Hëllefen elo net méi sollen un d'Unzuel vu Journaliste gebonne sinn. Et hätt een zwar Journalisten hallefdaags agestallt, mee keng Persoun an der Technik. Och bräicht ee méi Ënnerstëtzung, fir d'Betreiung vun den 150 Fräiwëllegen ze garantéieren.
Mat der Crowdfunding Aktioun an der Konferenz am Hierscht zejoert kéint de Radio ARA sech elo bis de Summer finanzéieren. Et ass een iwwerzeegt, sech bis den Ufank vun enger Konventioun mam Medieministère duerch punktuell Hëllefen iwwer Waasser kënnen ze halen.