Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou bleift d'Reform vum Tutellesgesetz?

Handicap

Wou bleift d'Reform vum Tutellesgesetz?

Behënnert Persounen ënnert Tutelle hunn zu Lëtzebuerg keng Rechter, weder politesch nach kënnen si fräi entscheede fir sech ze bestueden oder ze pacsen, esou den Direkter vun Info Handicap. D'Reform vum Tutellesgsetz war scho fir 2017 ugekënnegt ginn a léisst op sech waarden.

auto_stories

2 min

Déi aktuell Regierung hat ugekënnegt fir d'Gesetz iwwer d'Tutelle ze reforméieren. Bis elo hätt ee näischt Offizielles dozou aus dem Justizministère héieren, seet den Direkter vun Info Handicap Olivier Grüneisen. Déi zoustänneg UNO-Kommissioun zu Genf hat Lëtzebuerg schonn 2017 opgeruff fir dat vereelzt Tutellesgesetz vun 1982 ze änneren.

Info Handicap hätt gesot kritt et géif een an engem Aarbechtsgrupp bedeelegt ginn, deen dat neit Gesetz ausschafft. Dat wier bis elo net geschitt, seet den Olivier Grüneisen. Et hätt een awer dem Justizminister eege Propositioune mat op de Wee ginn.

Eng Curatelle selon besoin

"Momentan ass et einfach 1-0": Entweder et ass een ënner Tutelle, dann hätt ee keng Rechter. Oder et ass een net ënner Tutelle, dann hätt ee Rechter, erkläert den Olivier Grüneisen. "Mir hätte gären eng Form vu Curatelle, déi un de Besoine vun de Betraffenen ausgeriicht ass. Dat heescht, datt et net nëmmen d'Verwaltung vun de Sue gekuckt ginn, mee datt déi Persoun och géint säin Tuteur wielen. Déi Persoun kéint och, wa se capabel ass fir ze wëssen, soen: Wou wëll ech wunnen, bei wiem wëll ech wunnen, ech ka wielen, wien dierf ech wielen. Dat sinn déi verschidde Grade wou mir wierklech gären hätten, datt een dat erëm fënnt, datt ee wierklech dorobber oppasst."

A Frankräich behalen an Zukunft behënnert Persounen, déi ënnert Tutelle stinn, hir politesch Rechter, dat hat de franséische Regierungschef dës Woch ugekënnegt. Si sollen sech och fräi bestueden, pacsen a scheede kënnen.