Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou ass d'Greta Thunberg?

Fräie Mikro

Wou ass d'Greta Thunberg?

Duerch d'Klimaerwiermung sinn net nëmmen Natur a Mënschen an enger ëmmer gréisserer Gefor, mee och Sitten a Gebräicher, déi zum Kulturierwe vun der Mënschheet gehéieren, fënnt d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun, an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D’Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun. Foto: Archiv

Déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta Thunberg ass am Corona-Niwwel verschwonnen. Et schéngt, wéi wann d'Mënschen, déi op de Mound fléien an Atomer spalten, déi Häerzer transplantéieren a Pipelinen iwwer de Mieresbuedem zéien, et net fäerdeg bréngen, zwou grouss Krise mateneen ze geréieren.

Eng bekannten a verdrängte Gefor

Datt mer alleguer vu Corona iwwerrascht goufen, ass evident. Déi aner Kris awer - d'Klimaerwiermung - ass schonn zanter iwwer 50 Joer am Gespréich, an datt mer an all där Zäit keng wierksam Moossnamen dogéint geholl hunn, ass och evident.

1972 schonn huet de Club of Rome a senger berüümter Etüd "D'Grenze vum Wuesstem" berechent, datt d'Ressourcë vun eiser Äerd héchstens bis 2100 duerginn, wann d'Weltwirtschaft an d'Weltbevëlkerung weider esou wuessen.

50 Joer méi spéit sinn déi däischter Prognosen iwwertraff. An trotzdeem fuere mer monter weider, deen Aascht ofzeseeën, op deem mer sëtzen. Programmer wéi der Unesco hire "Man and Biosphere", un deem elo déi eelef Südgemengen deelhuelen, ass ee Versuch, d'Hand mat der See ze bremsen.

D'Unesco schléit awer och Alarm, wa verschidde berüümte Sitten, déi wéi d'Stad Lëtzebuerg op der Lëscht vum Weltkulturiewe stinn, duerch d'Klimaverännerungen a Gefor geroden. Extrem Wiederphenomeener - Dréchent, Stierm, Iwwerschwemmunge - gouf et zwar ëmmer, awer si geschéien elo vill méi heefeg. Vun deenen 49 Sitten, déi op manner wéi zéng Meter iwwer dem Mieresspigel leien, besteet fir 37 d'Gefor, datt se fréier oder spéider ënnerginn.

Venedeg geet ënner

Huele mer d'Beispill vu Venedeg. Am Hierscht kënnt et zum Phenomeen vun der acqua alta: duerch Wand, Reen an den Drock vun de Gezäiten an der Lagun gëtt d'Stad iwwerschwemmt.

De Klimawëssenschaftler Anders Levermann sot an engem Interview, datt all Kéiers, wann d'Äerd ëm nëmmen ee Grad méi waarm gëtt, de Mieresspigel ëm 2,5 Meter klëmmt. Laangfristeg, esou de Fachmann, verschwënnt Venedeg am Mier.

Al Kulture verschwannen

Awer et ginn net nëmme Gefore vum Mier aus. D'Stad Djenné am Mali beandrockt duerch hier aussergewéinlech schéin an héich Bauten aus Leem.

Well de Waasserniveau vum Niger duerch extreem Dréchent sénkt, gëtt deen héichwäertege Leem rar an deier. Esou datt déi Gebaier da mat bëllegem Material gefléckt ginn, wat natierlech hir eemoleg universell Valeur a Gefor bréngt.

An esouguer den immaterielle Patrimoine gëtt duerch d'Äerderwiermung bedreet: verschidde Gebräicher vun de Salish an de Kootenai am Montana sinn un de Schnéi gebonnen, deen ëmmer manner fält.

Virun zwee Joer gouf de "Climate Heritage Network" gegrënnt, deen et erlaabt, déi Geforen op Weltniveau besser kënnen anzeschätzen an dogéint unzegoen. Awer mir dierfen dat net nëmmen de Spezialisten iwwerloossen: jiddweree vun eis ass gefrot a gefuerdert. A mir zu Lëtzebuerg ganz besonnesch.

Ëmmerhin hu mer leschte Méindeg all natierlech Ressource opgebraucht, déi eis fir dëst Joer zoustinn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.