D'Carole Petitnicolas-Weigel vun der CSV gëtt also Buergermeeschtesch vu Wolz. Bei de Gemengewale war si Drëttgewielten op hirer Lëscht. Déi Entscheedung wier awer ni een Alleingang gewiescht, betount déi designéiert Buergermeeschtesch, grad esou wéineg wéi de Choix, mat der DP an d'Koalitiounsverhandlungen ze goen. Fir si géif een esou dem Wielerwëlle gerecht ginn.
"Mir kruten immens Lëschtestëmme bäi, mir hu souguer méi Stëmme wéi d' LSAP zu Wolz, dat gouf et nach ni. D'DP kruten och immens Lëschtestëmmen a krut och ee Sëtz bäi. An d'LSAP huet bal 8 Prozent verluer, si hunn och ee Sëtz verluer. Fir de Wielerwëllen anzehalen, huet d'Majoritéit gesot, da maache mir dat mat der DP zesummen ze goen."
Éischtgewielten an Zweetgewielten wollte keng Koalitioun mat der DP
Déi Entscheedung hat scho virun zwou Woche fir Reiwereien an der Wëlzer CSV gesuergt. Den Éischtgewielten, den Albert Waaijenberg an den Zweetgewielte Patrick Comes wollten eng Koalitioun mat der DP net ënnerstëtzen. Den Éischtgewielten hätt sech awer an Tëschenzäit domat offonnt, seet d'Carole Petitnicolas-Weigel.
"Hien ënnerstëtzt eis och, hien huet direkt gesot, ech falen iech net an de Réck. Datt hie kee Buergermeeschterposte wollt huelen, dat war vun Ufank u gesot. Zu dem Zweetgewielten, deen d'Kaart ofginn huet, muss ee soen, hien hat d'Méiglechkeet de Buergermeeschter souwuel mat der LSAP wéi mat der DP ze maachen, sou gutt wei och all Schäffeposten. Hee konnt keng Decisioun huelen, hien ass einfach opgestanen an huet de Sall verlooss. Deen Dag duerno goufe mir gewuer, datt hie seng Parteikaart géif ofginn."
Den Zweetgewielten, de Patrick Comes, wäert deemno als onofhängege Conseiller untrieden. Souwuel d'Carole Petitnicolas-Weigel, wéi de Patrick Comes, konnte bestätegen, datt se sech an Tëschenzäit ausgeschwat hunn. De Patrick Comes freet sech op seng Oppositiounsaarbecht, sot hien op eis Nofro hin.