Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet d'Wuert iwwer Video - am an der Tëschenzäit traditionellen arméigréngen T-Shirt mat kuerzen Äerm - un d'Plenière zu Stroossbuerg geriicht.
Säin Appell fir Member vun der Europäescher Unioun ze gi war emouvant: "Europa gëtt méi staark mat eis", "Ouni Iech ass d'Ukrain eleng, beweist eis, datt Dir zu eis haalt" sot hien.
Emouvant Temoignagen
Emouvant och seng Beschreiwungen zum Beispill vun deem, wat op der Plaz geschitt - virun allem fir déi ukrainesch Dolmetscher: deen Engleschen huet méi ewéi eng Kéier ënner Tréine misste pausen, ier e konnt viru schwätzen.
D'Parlament, wat déi russesch Invasioun schaarf condamnéiert, adoptéiert haut eng Resolutioun, an där déi europäesch Institutiounen opgefuerdert ginn, der Ukrain de Statut vun engem EU-Kandidat ze ginn.
Op deem Punkt ware souwuel de Conseilspresident Charles Michel, wéi och d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an hire Rieden éischter zeréckhalend: si hunn op d'Prozedure verwisen.
Et ass gewosst, datt déi laangwiereg sinn. Als Erënnerung: Nordmazedonien ass zanter 2005 Kandidat fir Member vun der EU ze ginn - déi richteg Bäitrëttsgespréicher hunn awer bis haut nach net ugefaangen.