Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Libertines - Shiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftshëllefen un de Respekt vu Mënscherechter bannen

Corona-Kris

Wirtschaftshëllefen un de Respekt vu Mënscherechter bannen

Bei der wirtschaftlecher Relance no der Covid-Kris muss op de Respekt vun de Mënscherechter an den Entreprisen opgepasst ginn. Dat fuerderen d'Organisatioune fir den Devoir de vigilance an den Entreprisen. Staatlech Hëllefe fir d'Entreprisë missten un en Engagement gebonnen ginn, d'Liwwerketten op de Respekt vun de Mënscherechter ze préiwen.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / vladek

D'OGBL-Presidentin Nora Back fuerdert, datt all déi Entreprisen, déi vu staatlecher Hëllef profitéiere fir iwwer d'Ronnen ze kommen oder aus der Kris erauszekommen, sech formell engagéiere misste fir d'Principes directeurs vun de Vereenten Natiounen ze applizéieren.

Dat wier am Fong eng Selbstverständlechkeet, esou d'Nora Back, mee net all Entreprisë sinn d'nämmlecht, e Bäcker wier zum Beispill keng Multinationale. Et hätt ee sech dofir Gedanke gemaach iwwer déi verschidde Krittären: "wéi eng Betriber musse sech op wéi engem Niveau engagéieren, a wéi ee fermen Engagement kann ee vu wéi enger Zort vu Betrib verlaangen".

Duerch déi verschidde Wirtschaftshëllefe wier et net esou einfach en Iwwerbléck ze halen. D'Nora Back schwätzt vun engem "Dschungel vu staatlechen Hëllefen".

Krittäre fir d'Entreprisen

Dofir fuerdert d'Initiativ fir den Droit de vigilance, datt d'Regierung op deem Niveau Transparenz schaaft an iwwer d'Krittären diskutéiert. D'Initiativ proposéiert sech op d'Gréisst vun der Entreprise, de Chiffre d'affaires an d'Envergure vun der Hëllef ze baséieren, déi d'Firma vum Staat kritt.

Doriwwer eraus fuerdert d'Initiativ en Ëmdenke bei verschiddene konkreten Ënnerstëtzungsmoossnamen, wéi dem Office du Ducroire, deen Export-Hëllefen oder Assurancen ubitt, déi elo erhéicht goufen.

Richtlinne vun der UNO respektéieren

De Jean-Louis Zeien vu Fairtrade fënnt, datt d'Entreprisen, déi vun deem Office du Ducroire profitéiere wëllen, e formaalt Engagement missten huelen. D'Principes directeurs iwwer d'Mënscherechter vun de Vereenten Natioune misste respektéiert ginn.

Déi sougenannte Business Partnership Facility, also d'Zouschëss u Privatbetriber vum Kooperatiounsministère fir hir Projeten an de Pays cibles, misst un d'Konditioun gebonne ginn, datt d'Betriber d'Richtlinne vun der UNO fir d'Mënscherechter ëmsetzen.

Doriwwer eraus soll de Respekt vun de Mënscherechter och en Aspekt am Programm "Fit 4 resilience" ginn, fuerdert de Jean-Louis Zeien. An deem Kader kënne Betriber sech berode loossen, fir sech besser opzestellen. D'Widderstandsfäegkeet vun den Entreprisë wier net just eng Fro vun der Digitalisatioun oder der Logistik, "mee och vun deene Mënschen, déi do an der Liwwerkette schaffen, an d'Bedéngungen, ënner deene se dat maache mussen".

Mënscherechtsverletzungen evitéieren

Entreprisë mat klenger oder grousser staatlecher Participatioun missten eng Virbildfunktioun iwwerhuelen. De Staat misst do d'Richtlinne vun der UNO duerchsetzen, fir d'Mënscherechtsverletzungen an den ekonomesche Liwwerketten ze evitéieren. De Jean-Louis Zeien proposéiert, datt d'Regierung sech dofir op d'Guidë vun der OCDE baséiert an déi an de sektorielle Beräicher applizéiert.

Fir d'OGBL-Presidentin Nora Back ass et "onverständlech" an "inakzeptabel", datt Entreprisë sech dogéint wiere sech formell ze engagéieren, datt hir Zouliwwerer an Handelspartner sech u Mënscherechter halen an och verbindlech Verflichtungen aginn.

D'Initiativ fuerdert dowéinst weiderhin, datt Lëtzebuerg eng gesetzlech Flicht aféiert. Am Koalitiounsaccord hat d'Regierung sech verflicht, déi Méiglechkeet préiwen ze loossen. D'Etüd vun der Uni zu dësem Sujet soll den Hierscht virleien.