Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftsbarometer: Stëmmung geet weider an de Keller

Economie

Wirtschaftsbarometer: Stëmmung geet weider an de Keller

Energie-Kris, Inflatioun, geopolitesch Ongewëssheet: Dräi Wieder, déi Gëft si fir eng gesond ekonomesch Entwécklung. Dat schléit sech och am Wirtschaftsbarometer néier, enger reegelméisseger Enquête, déi d'Chambre de Commerce bei hire Memberen duerchféiert.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


D'Wirtschaft wëllt hir Theeme virun de Wale setzen. Dofir war d'Presentatioun vun dëser Enquête mat enger grousser Table ronde verbonne mat Entreprisecheffen a Parteipolitiker.

An der Enquête goufen 611 Entreprise mat méi wéi sechs Mataarbechter gefrot: Generell weist de Barometer am zweeten Trimester liicht no ënnen. Dat gëllt fir déi erwaarten Aktivitéit, souwéi och fir d'Exporter an d'Rentabilitéit.

Am Negatiivste sinn d'Perspektive beim Commerce a bei der Industrie. Servicer a méi speziell Finanzservicer kucken hirersäits méi optimistesch an d'Zukunft.

Fuerderungen en vue vun de Chamberwalen

En vue vun de Chamberwalen d'nächst Joer wollt d'Chambre de Commerce hir Revendicatiounen nach eng Kéier an d'Vitrinn stellen, dorënner d'Ofbremse vun den Energiepräisser, d'Vereinfache vun den administrative Prozeduren a méi Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten, verbonne mat enger Reegelung vum Télétravail, speziell och fir Frontalieren. Wéinst dem laangen Trajet ass d'Demande hei grouss.

Weider fuerdert d'Chambre de Commerce d'Onofhängegkeet vu Ressourcen op europäeschem Niveau, d'Moderniséierung an d'Flexibiliséierung vum Enseignement en vue vun de Kompetenzen, déi gebraucht ginn, grad ewéi d'Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie.