Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien ass Schold, den Donald Trump oder d'WHO?

Coronavirus

Wien ass Schold, den Donald Trump oder d'WHO?

Et gouf gëschter uerg Kritik vun der EU a vun eenzelen europäesche Länner un der Decisioun vum Donald Trump d'Finanzéierung vun den USA fir d'Weltgesondheetsorganisatioun ze stoppen. Gesondheetsexperte warnen, datt et ouni déi grouss Kontributioun vun den USA méi schwéier wäert gi fir d'Welt, de Coronavirus ze bekämpfen. Den Donald Trump huet also e weidere Schëllege fonnt. An engem Kommentar vu Washington kuckt eise Washington-Korrespondent Philip Crowther op d'Feeler, déi am Wäissen Haus gemaach goufen.

auto_stories

2 min

De Philip Crowther ass 100,7-USA-Korrespondent.

Op der ganzer Welt musse Regierungen analyséieren, ob si Feeler gemaach hunn an hire Preparativen an an hirer éischter Reaktioun op dës Pandemie. Deeglech Pressekonferenze gëtt et fir éischtens de leschte Bilan ze ginn a fir natierlech d'Bäileed vun der Regierung fir d'Famillen auszedrécken. Och gëtt dem Personal an de Spideeler an den Doktere Merci gesot.

Am Wäissen Haus ass den Toun en Aneren. Et gi Schëlleger gesicht, sief et d'Weltgesondheetsorganisatioun, China, d'Demokraten, oder d'Press. Hei gëtt sech net entschëllegt, hei gëtt kee Bäileed ausgedréckt. Am Plaz gëtt de President all Dag vu senger Ekipp op der klenger Bün vum Pressesall gelueft, an et gëtt nach eng Kéier Revue passéiere gelooss, wéi wonnerbar a séier d'Regierung op d'Pandemie reagéiert huet. Et kéinte just 100.000 Doudesfäll, e Succès, seet de President. D'Staaten haten net genuch Beootmungsmaschinnen, hir Schold, seet de President. D'Gouverneure vun den eenzele Staate ruffen him u fir entweder fir Material ze heeschen, oder fir him Merci ze soen, seet de President.

Mee aner Saache sot hien och schonn. Datt de Virus just e Witz war an een Deel vun enger Hexejuegd géint hie vun den Demokraten. Datt de Virus op eemol wéi e Wonner géing verschwannen. Dunn op eemol gouf et e puer Recommandatioune vun der Regierung, datt d'Leit vläicht dach sollten hir Distanz anhalen a vläicht dach vun doheem schaffen. E puer Deeg duerno de Wonsch, datt Leit d'Kierche vum Land un Ouschtere kéinte fëllen. Zanterdeem gi Schëlleger gesicht.

Et stëmmt, datt d'Weltgesondheetsorganisatioun vill Luef hat fir China, an datt et laang gedauert huet fir eng Pandemie offiziell ze annoncéieren. Dat ware Feeler um héchsten Niveau, mee si waren net esou schlëmm an d'Reaktioun net esou lues a chaotesch, wéi déi vum Wäissen Haus, e Beispill fir d'Zukunft, wéi een net mat enger Pandemie soll ëmgoen.