Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Rolling Stones - Low Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien am Glashaus sëtzt ...

Lëtzebuergesch Immigratiounspolitik

Wien am Glashaus sëtzt ...

Lëtzebuerg kritt en neien Aussen- an Immigratiounsminister. Deen alen Aussen- an Immigratiounsminister. Et wier jo och schwéier ze erkläre gewiescht, firwat een dee Mann mat de meeschte perséinleche Stëmmen am Land net mat an déi nei Regierung geholl hätt. De Jean Asselborn ass beléift, well e reegelméisseg mam Fanger op seng riets a populistesch Homologe weist, ënner anerem wéinst hire Positiounen an der Flüchtlingsfro. Mee bei der Immigratiounspolitik geet Lëtzebuerg och net ëmmer mam gudde Beispill vir, mengt d'Fanny Kinsch an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

Mat zwee Wierder déi hallef Lëtzebuerger Populatioun a Medielandschaft an Euphorie versetzen - dat ass en Talent, dat muss een dem Jean Asselborn wuel loossen. Endlech mol een, dee sech traut, eppes zu deene schlëmme Rietsextremen ze soen.

De Fait, datt Lëtzebuerg weider Demandeure vun enger internationaler Protektioun, dem Dublin-System no, zeréck an Italie schéckt, huet fir bedeitend manner Opreegung gesuergt. Dat obwuel d'Konditiounen, déi d'Asyldemandeuren do erwaarden, Hëllefsorganisatiounen a Mënscherechtsinstitutiounen no, net mënschewierdeg sinn. Mee Lëtzebuerg kann net einfach eleng decidéieren den Dublin-Accord auszesetzen, sou d'Erklärung vum Ausseministère.

Dat stëmmt net. Am Dublin-Accord gëtt et eng Souveränitéitsklausel, déi de Staaten et duerchaus erlaabt, opzehale Mënschen a Länner zréckzeschécken, an deenen d'Konditiounen ze schlëmm sinn. D'Uerteel vum Mënscherechtsgeriichtshaff am Fall Belsch-Griichenland leet iwwerdeems fest, datt e Land d'Obligatioun huet, vun där Klausel gebrauch ze maachen, wann et feststellt, datt d'Konditiounen net mënschewierdeg sinn. Hei hat e Flüchtling geklot, wéinst de Konditiounen, déi hien an deem Land erwaart hunn, an deem e fir déi éischte Kéier op europäesche Buedem komm ass. Hie krut Recht, an zanterdeem gi keng Dublin-Flüchtlinge méi a Griichenland zeréckgeschéckt.

Op Nofro léist den Ausseminister duerchblécken, datt een eigentlech net wëllt ganz ophalen Asyldemandeuren an Italien zréckzeschécken, well een Angscht hätt, datt soss ze vill Leit heihi kommen. "Mir wieren total als Land iwwerfuerdert" seet de Jean Asselborn.

Ënnersichunge vu Geschlechtsdeeler ass onzouverlässeg

Et wëllt een et den Demandeure vun enger internationaler Protektioun jo net ze einfach maachen. Dat gelt och fir déi, déi soen, datt si mannerjäreg sinn. Hei wëllt ee sech fir d'éischt emol ganz, ganz sécher sinn, datt et och wierklech e Mannerjäregen ass, bei deem een dann och méi Schutzobligatiounen huet. Dat geet esou wäit, datt ee jonke Mënschen hir Geschlechtsdeeler ënnersicht - eng héich kontrovers Praxis, déi ënner anerem vun der consultativer Mënscherechtskommissioun staark kritiséiert gëtt, vun där de Conseil de l'Europe no enger Etüd ofréit, well se onzouverlässeg ass an déi a Frankräich mëttlerweil per Gesetz verbueden ass.

D'Gesetz géif medezinesch Ënnersichunge virgesinn, wann et en Doute beim Alter géif ginn, esou d'Erklärung vum Ausseministère. De Staatslabo hätt d'Expertise ausgeschafft an et géif een dat jo net bei all mannerjäregem Demandeur d'asile maachen.

Vläicht hat den Immigratiounsminister net sou den Iwwerbléck

De Jean Asselborn huet wéi et schéngt kee Problem domat, an d'Intimsphär vu méiglecherweis Mineuren anzegräife fir onzouverlässeg medezinesch Ënnersichungen.

Vläicht hat den Immigratiounsminister awer och net sou den Iwwerbléck, wat alles mat mannerjärege Flüchtlingen zu Lëtzebuerg gemaach gëtt. Virun engem knappe Joer huet den Ausseminister nach an enger Chamberkommissioun behaapt, datt keng Rëntge bei Mannerjärege géife gemaach ginn - den Dag drop sot säin Immigratiounsdirekter vis-a-vis vun RTL de Contraire.

D'Immigratiounspolitik léist also och zu Lëtzebuerg nach ze wënschen iwwreg. Et ass wichteg rietsextrem Politiker a Fro ze stellen a sech géint eng Normaliséierung vun hirem Discours ze wieren. Mee et ass nach besser, och dofir ze suergen, datt ee sech selwer näischt ze reprochéieren huet.