Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiederschied: "D'Assurancë-Primme kéinte klammen"

No den Iwwerschwemmungen

Wiederschied: "D'Assurancë-Primme kéinte klammen"

Et misst ee sech drop astellen, datt d'Assurancë méi deier ginn, wann et an Zukunft méi dacks zu Schied wéinst extreme Wiederphenomener kënnt, seet den Direktiounsbeoptraagten vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Assurancen.

auto_stories

3 min

De Marc Hengen ass Direktiounsbeoptraagten vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Assurancen. Foto: Archiv

Et wier zwar net ganz populär iwwer en Eropsetze vun den Assurancë-Primmen ze schwätzen, mee wann d'Schied méi dacks, an och ëmmer méi grouss ginn, da missten d'Assureuren driwwer nodenken hir Primmen no uewen unzepassen, betount de Marc Hengen. Dat hätt een an de leschten dräi Joer scho gesinn.

De Schued duerch d'Iwwerschwemmunge vu virun zéng Deeg wier "deen déckste Schued", un deen ee sech erënnere kéint. Dofir mengt de Marc Hengen, datt een domat rechne muss, datt d'Assureuren no de Primme misst kucken, an déi no uewen ugepasst ginn.

"D'Zommen erofschrauwen, dat kënnt och net ganz gutt bei de Leit un. Sou datt ech dovun ausginn, datt éischter d'Primmen no uewe ginn, well d'Leit dat éischter wëllen. An dann och vläicht nach méi staark verséchert sinn, wéi se dat am Moment sinn. Mee et ass all Assureur, dee fir sech decidéiert, wéi en dat soll maachen."

D'ACA hätt sech dofir staark gemaach, datt déi Leit, déi an engem Iwwerschwemmungsgebitt liewen, op d'mannst 20.000 Euro verséchere kënnen. Fir déi aner Leit wieren dat op d'mannst 200.000 Euro.

Nach net all Schued ass gemellt

D'Associatioun vun den Assurancen ACA geet dovun aus, datt nach net all d'Schied gemellt goufen, déi duerch dat rezent Héichwaasser entstane sinn. Et misst een dofir domat rechnen, datt d'Iwwerschwemmungs-Schied nach méi deier sinn, wéi am Moment geschat gëtt, esou de Marc Hengen.

Am Moment ginn d'Assurancen dovun aus, datt si Schied vun 120 Milliounen Euro musse couvréieren. De Marc Hengen betount awer, hei wiere just déi Schied agerechent, déi vun den Assurancen ofgedeckt ginn - net awer Schied, déi un ëffentlechen Infrastrukturen oder un net versécherten Haiser entstane sinn.

ULC mat Rotschléi

No de rezenten Iwwerschwemmungen geet och d'Union Luxembourgeoise des Consommateurs ULC dovun aus, datt Assurancë kéinte méi deier ginn.

Net jiddereen hätt déi néideg Zousaz-Versécherunge fir am Fall vun esou Iwwerschwemmungen indemniséiert ze ginn, esou de Navid Poushanchi, Jurist bei der ULC. Hien erënnert awer drun, datt och staatlech Hëllefe bei esou enger Naturkatastrophe kéinten en Deel vun de Verloschter ersetzen.

Et wier och Responsabilitéit vun den Assuréeë fir hir Kontrakter am Detail ze iwwerpréiwen, fir ze wësse wat genee zu wéi enge Konditioune verséchert wier. D'ULC géing de Leit heibäi berodend zur Säit stoen, esou den Navid Poushanchi, deen e weideren, wichtege Rotschlo huet:

"An dat Allerwichtegst wat ee muss am A halen ass en Dossier am Beschte maachen. A fir dat ass déi beschte Méiglechkeet - à titre préventif - verschidde Fotoe scho vun de Piècë vu de Miwwelen, déi e bestëmmte Wäert hunn am Viraus gemaach ze hunn. D'Facture d'achat ëmmer halen, wann ee Saache keeft. An och am beschten ënner elektronescher Form nach, als PDF scanne an ëmwandelen, fir datt een dat och ënner elektronescher Form huet."

Dësen Dossier soll ee dann och op enger sécherer Plaz versuergen, esou den ULC-Jurist Navid Poushanchi.