Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie sinn d'Kandidate fir d'Wahlen?

Chamberwahlen 2018

Wie sinn d'Kandidate fir d'Wahlen?

A knapp sechs Woche si Chamberwahlen. Lëtzebuerg huet 600.000 Awunner, awer mol net hallef esou vill Wieler. 257.000 Persoune kënnen de 14. Oktober 60 Deputéiert designéieren. Déi 547 Kandidate sinn awer net an alle Beräicher representativ fir déi ganz Populatioun.

auto_stories

7 min

Fir unzefänke sinn d'Kandidate fir d'Chamberwahlen am Schnëtt méi al wéi d'Gesamtbevëlkerung, mee méi jonk wéi d'Wieler. Den Duerchschnëttsalter vun der Bevëlkerung läit bei 39 Joer. Bei de Lëtzebuerger bei bal 42 Joer, bei den Net-Lëtzebuerger bei ronn 37 Joer. D'Kandidate fir d'Wahle vum 14. Oktober hunn am Schnëtt 46,3 Joer, an d'Wieler sinn duerchschnëttlech 49,6 Joer al.

Méi representativ wéi bei de leschte Chamberwahle sinn d'Kandidaten dës Kéier a punkto Geschlecht. D'Halschent vun den Awunner hei am Land si Fraen, am Elektorat hunn d'Fraen am Joer 2015 51,5 Prozent ausgemaach. Bei den Neiwahle viru fënnef Joer louch een nach wäit dovun ewech: Deemools goufen et just 35 Prozent weiblech Kandidaten, dës Kéier sinn et knapp 46 Prozent.

Ee vun de Grënn dofir ass eng nei Quoteregelung. Zanter 2016 musse 40 Prozent vun all de Kandidaten op enger Lëscht vum ënnerrepresentéierte Geschlecht sinn. Hält eng Partei sech net dorun, riskéiert si bei de Parteiefinanzéierung méi schlecht ewech ze kommen. All d'Parteien hunn dës Kéier dee Mindesttaux vu 40 Prozent erreecht. D'ADR an d'CSV mat genee 40 Prozent, déi gréng schécke 50 Prozent Fraen an d'Course, bei déi Lénk sinn et esou guer liicht méi Frae wéi Männer.

Brénge Quoten eppes?

Quote kënnen zwar fir Representativitéit suergen, mee se spille klenge Parteien net an d'Hänn, mengt den Dan Schmit. Den Doktorand op der uni.lu setzt sech ënner anerem mam Lëtzebuerger Wahlsystem auserneen a mat den Effekter op d'Parteien. Kleng Parteie kënne generell Problemer hu fir iwwerhaapt komplett Lëschten opzestellen. Et géif d'Lëschten zwar méi representativ maachen, mee d'Fro géif sech stellen, ob dat wierklech eppes un der Wahrscheinlechkeet géif änneren, datt Frae gewielt ginn.

Effektiv: 2013 hunn zwar 35 Prozent Frae kandidéiert, an d'Chamber gewielt goufen um Enn awer just 23 Prozent Fraen. Ob dës Kéier, mat méi Kandidatinnen, och méi wéi 14 weiblech Deputéiert gewielt ginn, ass eng vun de Froe vun dëser Wahl.

Sozial, berufflech oder ekonomesch Proporzer

Fir de Romain Hilgert, Chefredakter vum Lëtzebuerger Land, stelle sech awer nach aner Froen. Eng Fraequote wier zwar begréissenswäert, mee et wier bemierkenswäert, datt vill iwwer Geschlechterproporz diskutéiert gëtt, mee sozial, berufflech oder ekonomesch Proporzer net erwäänt géife ginn. "Dat ass schonn en demokratesche Problem", seet hien.

Ee vun de Grënn dofir ass, datt Net-Lëtzebuerger net wahlberechtegt sinn. Si hunn zum Deel e ganz anere berufflechen Hannergrond wéi d'Lëtzebuerger. Den 1. Januar 2018 hunn hei am Land 288.000 Net-Lëtzebuerger gelieft, déi kee Wahlrecht hunn. Dëst entsprécht engem Taux vu ronn 48 Prozent.

Privatsecteur ënnerrepresentéiert

Zwar ass d'Nationalitéit vun de Leit nëmmen ee Faktor vu villen, mee e wierkt sech op vill aner Saachen aus. Am Privatsecteur huet de Gros vun den Ugestallte kee Wahlrecht, wéi de Jean-Paul Olinger, Direkter vun der UEL, feststellt. Nëmmen all drëtte bis véierten Employé aus dem Privatsecteur kéint wiele goen, seet hien. Grond wier, well hei vill Net-Lëtzebuerger schaffen, déi kee Wahlrecht hunn. Anerersäits kéint all Fonctionnaire wiele goen.

De Privatsecteur ass also kloer am Elektorat ënnerrepresentéiert. Nëmme knapp e véierels vun de Leit, déi hei am Land schaffe ginn, dierfe bei Chamberwahle wiele goen.

Fonction publique iwwerrepresentéiert

Doduerch ass d'Fonction publique staark iwwerrepresentéiert. Hei dierfen am Prinzip just Leit mat der Lëtzebuerger Nationalitéit schaffen. Leit also, déi d'Wahlrecht hunn. An d'Fonction publique ass grouss: Knapp 28.000 Leit schaffen hei, ouni den assimiléierte Secteur.

De Jean-Paul Olinger seet, datt 80 Prozent vum Emploi am Private wier, an 20 Prozent am Public oder am para-public wier. Bemierkenswäert ass et awer, datt am Private just 28 Prozent vun de Wieler sinn. Dës Iwwerrepresentatioun erkläert och de politeschen Afloss vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.

Doduerch, datt d'Elektorat haaptsächlech op Lëtzebuerger limitéiert ass, sinn och Leit iwwer 65 Joer an der Wielerschaft iwwerrepresentéiert. E Véierel vun de Wieler ass iwwer 65 Joer al, bei den Net-Lëtzebuerger läit deen Taux bei 13,3 Prozent. Ee Fënneftel vun de Wieler ass pensionéiert.

D'Kandidatelëschte sinn net representativ. Déi Konklusioun huet och de Land-Chefredakter de 4. Mee an engem Artikel gezunn:

"Wann ee kuckt, wie Kandidat bei de grousse Parteien ass, dat sinn haaptsächlech Leit aus dem Klengbiergertum, dat si ganz vill Beamten, et sinn Affekoten an aner Selbststänneger. Aner Schichten aus der Populatioun si ganz wéineg vertrueden, zum Beispill Employéeën an Aarbechter, déi guer net an der Chamber an och net op de Kandidatelëschte vertruede sinn."

Beruffspolitiker

18 vun de 547 Kandidate fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober si Beruffspolitiker. Dat heescht, si liewen och elo schonn exklusiv vun der Politik. Fir den Doktorand Dan Schmit wäert et mëttel- a laangfristeg ëmmer méi Beruffspolitiker ginn. Den Trend géif ëmmer méi a Richtung Professionaliséierung goen a Politiker wäerten sech zum groussen Deel exklusiv domat beschäftegen.

Fir de Romain Hilgert ass dat awer net onproblematesch. Fir Beruffspolitiker géif déi berufflech Existenz vun den nächste Wahlen ofhänken. Dat géif d'Kandidaten och méi "gefügsam" maachen, well se op eng Lëscht musse kommen, fir erëmgewielt ze ginn, an hir Pai erëm ze kréien. "Da maulen ech a menger Partei an an der Chamber net esou déck."

Um Wahlresultat hätt sech wéineg geännert

Wann d'Kandidaten an um Enn och d'Deputéiert net representativ si fir d'Populatioun, dann huet dat virun allem en Afloss op d'Themen, déi prioritär vun der Politik behandelt ginn. Den Afloss op de Resultat vun der Wahl vun 2013 wier enger Etude no awer ënner Ëmstänn net esou grouss wéi geduecht.

Hätten Net-Lëtzebuerger Residenten d'Wahlrecht, sou hätte se net wesentlech anescht gewielt wéi d'Lëtzebuerger, esou eng Etüd vun der Uni.lu am Joer 2013. D'CSV an d'DP wieren an deem Fall méi staark gewielt ginn. An awer: D'Wahlresultat wier en anert.