Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie kandidéiert fir d'Europaparlament?

Europawahlen 2019

Wie kandidéiert fir d'Europaparlament?

60 Kandidate vun zéng Parteien trieden de 26. Mee bei den Europawahlen hei am Land un. Den Delai fir d'Lëschten ze deposéieren ass ofgelaf. Eng Analys vun de Kandidaten.

auto_stories

2 min

All d'Parteien hu jeeweils dräi männlech an dräi weiblech Kandidaten. CSV, DP, LSAP, gréng a Lénk trieden iwwerdeems mat jeeweils engem Mann an enger Fra als Spëtzekandidaten un.

Aus Geschlechterperspektiv net equilibréiert si just d'Lëschte vun der Piratepartei an déi Konservativ, déi jeeweils just zwou Kandidatinnen hunn. Si hunn dem Parteiefinanzéierungsgesetz no dowéinst manner finanziell Ënnerstëtzung zegutt.

Demographesch Donnéeën

Den Duerchschnëttsalter vun de Kandidaten ass 43,5 Joer. Déi Konservativ hu mat enger Moyenne vu bal 52 Joer déi eelste Kandidaten, virun der DP mat 48 Joer. Déi lénk Kandidate si mat duerchschnëttlech 38 Joer am jéngsten, virun de VOLT-Kandidate mat 39 Joer.

Déi eelst Kandidate sinn de Martin Kox (déi gréng) an de Rolf Tarrach (VOLT) mat allebéid 71 Joer. Déi jéngst Kandidate sinn d'Mara Martins (déi Lénk) an de Christian Welter (Piratepartei/PID) mat 20 Joer.

Just zwee Kandidaten hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. 11 Kandidaten hunn nieft der Lëtzebuerger nach eng aner Nationalitéit.

Vill nei Kandidaten

48 vun de 60 Kandidaten trieden eng éischte Kéier bei Europawahlen un. Am heefegsten huet den DP-Spëtzekandidat Charel Goerens kandidéiert: Hien ass zanter den éischten Europawahle vun 1979 an deemno fir d'néngte Kéier dobäi. De Charel Goerens war zanter den 80er während am Ganze véier Mandater Europadeputéierten.

Op zweeter Plaz kënnt den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, dee fir d'sechste Kéier mat an d'Europawahle geet - ouni jee ee Mandat kritt ze hunn.

Kandidate mat politescher Erfahrung

23 vun de Kandidaten hu schonn een anert politescht Mandat, déi meescht (17) op Gemengenniveau. Sechs Chamberdeputéiert gi mat an d'Wahlen.

Een Drëttel vun de Kandidate si Salariéen. 11 sinn oder ware Fonctionnairen, véier dovunner Enseignanten. Véier sinn oder waren Independant. Néng si Schüler oder Student. Fënnef si Pensionéiert.