Parteipolitik Wie gëtt neien CSV-President?

De Frank Engel a Serge Wilmes kandidéiere fir de Poste vum CSV-Parteipresident. Eng 700 Delegéierter sinn um Kongress wahlberechtegt. Wie gëtt neie President a wéi een Oppositiounsstil wäert et vun elo u ginn?

Serge Kesseler / cbi

CSV Kongress
Um CSV-Kongress wäerte personell Entscheedunge getraff ginn. Foto: Archiv.

Véier Hearinge goufen et am Virfeld vun dësem Nationalkongress, wou d'Kandidate sech den Delegéierte konnte virstellen an op Froen äntweren. Dës Ronne wieren eng ganz gutt Saach gewiescht, well een am Kontakt an an der Diskussioun mat de Membere war, fënnt de Kandidat Serge Wilmes.

D'Membere vun der Partei wieren der CSV hir Stäerkt an et sollt ee sech an Zukunft och méi déi d'Membere stäipen, fënnt de Serge Wilmes. Hie weist sech optimistesch: "Mir stinn op engem gudde Fundament". Och wann een d'Chamberwahlen net gewonnen hätt, bräicht een de Kapp net an de Sand ze stiechen. D'Gemengewahlen hätt een haushéich gewonnen.

D'CSV erëm an d'Regierung bréngen

Zimlech dynamesch, esou beschreift deen anere Kandidat Frank Engel den aktuellen Zoustand vu senger Partei. D'Stëmmung wier eigentlech ganz gutt, an d'Leit an der CSV wiere bereet fir een neien Opbroch.

D'Partei hätt Potential sech erëm an eng Positioun ze bréngen, datt déi aner Parteien net méi dolaanscht kéimen, fir mat der CSV eng Koalitioun anzegoen. "Mir wëllen dat awer net maachen aus Verbruetheet, mir wëllen dat maache well mir Proposen, Themen, Iddien, Inhalter wäerten op den Dësch leeën, déi och d'Wieler wäerten dovun iwwerzeegen, datt et besser mat CSV ass, wéi ouni."

Ee Prozess, deen et an där Form nach net gouf

Et wier net um CSV-President fir elo schonn op alles Äntwerte vir ze ginn, ënnersträicht den Deputéierten a Stater Schäffe Serge Wilmes. Et géif een awer net den nächste Spëtzekandidat wielen, mee den nächste Parteipresident.

Hie géif dee Prozess an der CSV, deen an där Form eigentlech nach ni do war, gäre begleeden: dowéinst wéilt hien neie Parteipresident ginn, seet de Frank Engel zu senger Motivatioun. Hie wéilt a kéint dat awer net eleng maachen, "mee ech hu Loscht deen dote Prozess ze inspiréieren an u senger Spëtzt ze stoen."

Wéi een Oppositiounsstil?

D'Oppositiounspolitik an den nächste Jore wäert virop vun der CSV-Fraktioun gemaach ginn, erkläert de Serge Wilmes. Hien hätt net wëlles fir een zweete Fraktiounschef ze ginn.

"Et ass eng Oppositiounspolitik, déi intelligent muss sinn, déi kloer Konturen huet, kloer Positiounen, mee déi awer och respektvoll ass, well mir brauchen herno e Partner. Den Interêt vum Land soll iwwer dee vun der Partei gestallt ginn, dat mengen ech ass déi Politik, fir déi mir och an Zukunft als CSV wäerte stoen."

Bei der Fro nom Oppositiounsstil fir d'Zukunft, verweist de Frank Engel op seng Gewunnecht, fir "d'Saache gäre mam Numm ze nennen". Dat géif an nächster Zäit dann och "resolut" geschéien, och wa vun der Majoritéit "déi üblech Äntwerte kommen".

Thematesch Defiziter vun der CSV

Wat déi geplangten inhaltlech Erneierung bei der CSV ugeet, gëtt de Kandidat Serge Wilmes zou, datt et Theme ginn, bei deenen d'Partei bis elo net no genuch bei der Liewensrealitéit vun de Leit war. Et misst een nieft der Digitaliséierung an dem Klimawandel och aner Sujeten traitéiere wéi Famill, Soziales, Logement oder Mobilitéit. "Mir mussen eben déi ganz Ressourcen, déi an deenen 10.000 Membere stiechen dofir mobiliséiert kréien."

Déi thematesch Defiziter vu senger Partei beschreift dem Serge Wilmes säi Géigekandidat Frank Engel ganz ähnlech. "Mir hunn Defiziter a Politiken", gëtt hien zou, besonnesch digital Theme wéi kënschtlech Intelligenz, mee och Nohaltegkeet an Ekologie nennt de Frank Engel als Beispill. "Déi musse mir an de Virdergrond bréngen". Hie wéilt bei dësen Themen awer den anere Parteien näischt nomaachen, mee "eppes anescht" maachen.

Wat d'Chancen ugeet, fir muer Samschdeg als CSV-President gewielt ze ginn, seet de Frank Engel, datt hien zouversiichtlech wier. De Serge Wilmes hätt vu Leit héieren, datt si hie géifen ënnerstëtzen, mee ob dat duergeet fir d'Majoritéit ze kréien, dat géif sech eréischt e Samschdeg weisen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

CSV Kongress
National Politik

Bei der CSV kandidéieren de 26. Januar um Nationalkongress de Frank Engel an de Serge Wilmes fir neie Partei-President ze ginn. De Felix Eischen ass den eenzege Kandidat fir de Poste vum neien CSV-Generalsekretär.

Franz Fayot a Félix Eischen
CSV an LSAP

Bei der CSV kandidéiert de Felix Eischen fir de Poste vum neien CSV Generalsekretär. Bei der LSAP wier den Deputéierte Franz Fayot drun interesséiert fir Parteipresident ze ginn.

Marc Spautz
CSV-Parteispëtzt

Hie wéilt de Posten net nach fir zwee weider Jore blockéieren, mee eng nei Equipe soll direkt kënnen ufänke fir fënnef Joer Zäit ze hu fir bis bei déi nächst Chamberwahlen Akzenter ze setzen, erkläert de Marc Spautz am 100,7-Interview.

Laurent Zeimet, Marc Spautz, Claude Wiseler, Martine Hansen
Chamberwahlen 2018

Bei der CSV goufen den Dënschdeg den Owend nach keng personell Entscheedungen ugekënnegt. Eréischt wann eng nei Regierung steet, géifen definitiv Personalentscheedunge geholl ginn. Dat sot de Claude Wiseler nom Nationalrot.

Serge Wilmes
Chamberwahlen 2018

De Serge Wilmes ass prett Verantwortung an der CSV ze iwwerhuelen, fir den Erneierungsprozess vun der CSV "aktiv mat an d'Hand ze huelen". D'Martine Hansen soll wëlle Fraktiounscheffin ginn.

Etienne Schneider
Chamberwahlen 2018

D'CSV wéilt eng ganz Rei Saachen erëm réckgängeg maachen, esou den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider. D'CSV hätt keng eegen nei Iddien a géif op Projete vun der Regierung zréckgräifen.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen