Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee wichtegt Joer fir d'SES

Riicht Eraus

Ee wichtegt Joer fir d'SES

Dëst Joer ass e wichtegt fir de Satellittebedreiwer SES vu Betzder, dat huet de strategesche Beroder vun der SES, de Ferdinand Kayser an der Emissioun Riicht eraus betount. Bis zum Enn vum Joer solle véier nei Satellitte gestart ginn - ee geostationäre Satellit an dräi "Medium Earth Orbi"-Satellitten. Et sinn déi éischt, déi d'SES zanter 2019 an den Orbit schéisst.

auto_stories

2 min

Déi Satellitte si vun enger neier Generatioun a sollen dowéinst ënnerteneen interoperabel sinn. Dat soll der SES nei kommerziell Opportunitéiten opmaachen. Besonnesch am Beräich vun der Dateniwwerdroung, also dem Internet iwwer Satellit. Dat ass och en internen Transformatiounsprozess fir d'SES, bei deem si nei Kompetenze brauch.

Ënner Drock wéinst Streaming-Déngschter

D'SES versicht zanter Joren dat Geschäftsfeld vun der Dateniwwerdroung auszebauen. Dat well hiert traditionellt Geschäft vun der Iwwerdroung vun Tëleeschaînen zeréck geet. D'Tëleeschaîne stinn ënner Drock duerch Streaming-Déngschter wéi Amazon oder Netflix, huet de Ferdinand Kayser erkläert. Dat well se grouss Zommen an d'Produktioun vu Serien a Filmer investéiere kënnen, mee antëscht och Fussball-Iwwerdroungsrechter kafen, an den traditionellen Tëleeschaînen, wéi och der Printpress, duerch si Publicitéitsrecette verluer ginn.

Der SES wier zwar gelongen hir Präisser am Tëleesgeschäft ze halen, dohier wier dat nach ganz lukrativ. Mee wann d'Kontrakter erneiert géife ginn, brauchen d'Clienten net méi esou vill Kapazitéit, wéi an der Vergaangenheet. Déi Lancementer entspriechen Investitioune vun iwwer 1,5 Milliarden Euro.

D'SES schafft dru fir d'Delaien ze packe vun der amerikanescher FCC fir Frequenze fräizeraumen, déi gebraucht gi fir an den USA de 5G-Reseau opzebauen. Als Entschiedegung dofir kritt SES alles an allem véier Milliarden Dollar an d'Investissementer bezuelt, déi se op anerer Plaz musse maachen, fir awer nach hir Clienten um amerikanesche Marché ze zerwéieren. E "fairen Deal", seet de Ferdinand Kayser, an datt een alles dru setzt fir d'Delaien ze packen.

Verschlësselt Kommunikatioun

D'SES ass och Member vum europäesche Firmenkonsortium, déi am Optrag vun der EU-Kommissioun dru schaffen, nieft Galileo fir d'Navigatioun a Copernicus fir d'Äerdobservatioun e eegene System fir geséchert Kommunikatioun opzebauen. Dat géif aus geostrategeschen Ursaachen an aus Grënn vun der Cybersecuritéit ëmmer méi wichteg ginn.

An deem Kontext schafft d'SES och am Lëtzebuerger Konsortium Lux QCI mat fir d'Quanteverschlësslung vun Daten. Esou Date kéinten iwwer länger Distanze just per Satellit iwwerdroe ginn. Dëst wieren wichteg Zukunftsprojete fir d'SES, och well se am Kader vun den europäesche Pandemie-Relancepläng finanziell staark ënnerstëtzt géifen.

De Ferdinand Kayser ass och President vum Verwaltungsrot vum Militär-Kommunikatiounssatellit LuxGovSat. Et géife mëttlerweil méi Clientë gi fir de LuxGovSat, och wann sech dat an de Geschäftszuelen bis elo net esou erëmspigelt.