An den Dierfer wier et praktesch net méiglech sech ze vergréisseren, aus Plazmanktem. Donieft wieren d'Gaassen heefeg och immens enk, wat beispillsweis d'Liwwerung vun eidele Fläschen oder anere Saachen, ganz schwiereg géif gestalten. Et géif dofir e Bedarf, fir auszesidelen. An de Gréngzone wier allerdéngs villes net erlaabt.
De Guy Krier kann novollzéien, datt d'Autorisatioune musse genee analyséiert ginn, nom reelle Besoin vun de klengen a grousse Betriber. Hie vermësst allerdéngs méi Kloerheet wat d'Oplagen ubelaangt. Anerefalls géif ee vill Zäit a Suen an eng Planung investéieren, fir um Enn gesot ze kréien, datt se op der uviséierter Plaz net ze realiséiere wier. Dat wier besonnesch fir d'Jongwënzer, déi heefeg net vill Geld zur Verfügung hätten, eng grouss Contrainte.
D'Privatwënzer haten an Tëscht dräi Entrevuë mat Leit vum Environnement, fir hir Doleancë virzeleeën. Et soll dann och en neit Gesetz an deem Kontext geschriwwe ginn, awer net méi an dëser Legislaturperiod, bedauert de Guy Krier.
"Ouni Pestizide geet et net"
Vum nächste Joer un gëtt hei am Land d'Notzung vun Herbi-, Insekti- a Fungizide massiv ageschränkt. Dat hat de Landwirtschaftsministère Mëtt Abrëll annoncéiert. Zwee Drëttel vun deene Mëttel dierfen dann net méi fräi verkaf ginn. Fir de professionelle Gebrauch brauch een e sougenannte Sprëtzpass. Wéi eng Konsequenzen huet dat fir de Wäibau? D'Wënzer géife scho jorelaang probéieren, méi nohalteg ze schaffen an op vill Mëttel verzichten, sou de Guy Krier. Ganz ouni Planzeschutzmëttel géif et awer net goen.
Dir kënnt net einfach soen "mir benotze lo guer keng Sprëtzmëttel méi an da bleift eise Wéngert gesond", dat funktionéiert net.
Wann et sou en dréchent Joer wier wéi zejoert, da wier et guer kee grousse Problem fir op Sprëtzmëttel ze verzichten. Wann et awer méi e fiicht Joer wier, wéi 2021, wou de Pilz optimal Bedingungen huet, dann kéint sech eng Pilzkrankheet entwéckelen, déi epidemieaarteg weider geet. Dee Moment wier d'Recolte a Gefor an och d'Qualitéit wier bemol net méi déi selwecht. An dat misst een awer kënnen am Grëff behalen, betount de Guy Krier.
Gudde Start an déi nei Saison
D'Wiederconditiounen dëst Joer hätten iwwerdeems de Riewen e gudde Start an déi nei Saison erméiglecht, sou nach de President vun de Privatwënzer. Et wier een net esou fréi un ewéi d'lescht Joer, mee duerch de Reen am Fréijoer hätten sech d'Defiziter vun 2022 nees ausgeglach, sou datt och eng eventuell Dréchent am Summer de Riewen net vill géif ausmaachen.