Fir d'Iryna Skrypak huet et d'lescht Joer op eemol ganz séier misste goen. Si ass am Mäerz vun engem Dag op deen aneren aus hirer Heemechtsstad Kiew op Lëtzebuerg komm.
Den Drang, aktiv ze ginn
Dës Experienz hätt hiert Liewe verännert. Lëtzebuerg hätt ee soss just aus dem Geographie Cours kannt. Si wier iwwerrascht gewiescht iwwer déi verschidde Méiglechkeeten am Land an hätt och séier wëlle selwer hei am Land aktiv ginn, erkläert d'Iryna Skrypak:
"Ech hu gemierkt, datt ech eppes maache muss. Dat wéinst dësem psychologeschem Zoustand an dem mir zanter dem Krich sinn. Mir mussen eis Ängschten a Suerge kanaliséieren. Fir mech ass et dorëms gaangen, mech nëtzlech ze maachen. Meng Fäegkeeten ze benotze fir anere Leit wéi mir an dësem neie Land ze hëllefen"
An der Mediewelt ass d'Iryna Skrypak scho kënneg. An hirer aler Heemecht Kiew huet déi gebierteg Ukrainerin fir eng Noriichten Agence am Beräich Lifestyle geschafft. Ma fir de Radio ze schwätzen ass fir si nei.
E Lien mat der Heemescht
Iwwer Facebook ass d'Iryna Skrypak op déi nei ukrainesch Noriichte Sendung um Radio ARA gefall an huet Loscht kritt do matzeschaffen. Aus dëser Initiativ ass d'Kultur-Emissioun "Chervona Kalyna", entstanen. Dat ass ënnert anerem den Numm vun enger Hymn iwwer déi ukrainesch Onofhängegkeet a soll déi Leit würdegen, déi dofir kämpfen. D'Sendung selwer soll och e Lien mam Doheem ginn, sou d'Iryna Skrypak:
"Mir brauchen eppes fir d'Séil. Mir mussen eis austauschen, eis Gefiller deele kënnen, an eis Mammesprooch héieren. Dat ass immens wichteg a meng Sendung widmet sech der ukrainescher Musek a fir mat aneren Ukrainer an Ukrainerinnen ze schwätzen."
D'Sendung huet awer och d'Zil, de Leit aus der Ukrain ze hëllefen, hei zu Lëtzebuerg Fouss ze faassen:
"Ech schwätzen iwwer relevant Themen: Wéi een Aarbecht fënnt, wéi een sech upasse kann, een Hobby fanne kann. Ech erklären a recherchéieren, fir dat mat aneren Ukrainer an Ukrainerinnen ze deelen."
Och lëtzebuergesch Nolauschterer si wëllkomm eran ze lauschteren a sech mat der Ukrainescher Sprooch a Kultur vertraut ze maachen.
An allem eppes Positives gesinn
D'Iryna Skrypak ënnersträicht och firwat de Radio als Medium fir si wichteg ass:
"D'Leit brauche live Stëmmen. Wa mir liesen, hu mir eis eegen Impressiounen iwwert dat wat geschriwwe gëtt. Eis eegen Emotiounen an eis eegen Hannergrënn. Mee wann's du eng live Stëmm héiers, erkenns de och d'Emotiounen. Mir si grad Zäitzeien a mir schreiwe grad zesumme Geschicht."
Ma virun allem an Zäite vu Krich dominéiere schlecht Noriichten. Dat géing natierlech och Sënn maachen, well een d'Leit och warne wéilt, seet d'Iryna Skrypak. Mee fir si ass et gläichzäiteg wichteg, an allem eppes Positives ze gesinn:
"Mir hunn ugefaangen Ukrainesch ze vergiessen. Well d'Sproch fir laang Zäit och verbuede war. Mais dëst Joer hu Millioune Leit an der Ukrain erkannt: Eis Identitéit sinn eis Wuerzelen an eis Sprooch. Ech hätt mir gewënscht, datt et ënner aneren Ëmstänn dozou komm wier, mee et ass esou geschitt."
Dofir wier hiren Appell un d'Medien, och an de schlechtesten Nouvellen awer eppes Guddes ze fannen.