Radioen

On air

De Moien  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Weist d'Dramatik vun der Lag zu Lëtzebuerg"

Leit campéiere virun SNHBM

"Weist d'Dramatik vun der Lag zu Lëtzebuerg"

Déi lescht Nuecht hunn eng Rei Persounen virum Gebai vun der SNHBM op der Kalchesbréck d'Nuecht verbruecht, fir de Mëttwoch Moien ënner den Éischten ze sinn, déi sech op eng Lëscht fir een Haiserprojet zu Alzeng aschreiwen.

auto_stories

1 min


Den Interview mam Guy Entringerplay_arrow


Dës Meldung vun RTL confirméiert den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché Guy Entringer. De Méindeg um véier Auer nomëttes hätte sech déi éischt Leit op der Plaz afonnt, bis néng Auer owes wieren eng zwanzeg Leit do gewiescht, déi bis de Moie bliwwe wieren. An der Nuecht wieren nach weider Leit bäikomm. Bis néng Auer de Moien hat d'SNHBM 130 Demandë fir een Haus oder een Appartement um Dësch leien. Et wier scho fir zweet, datt Leit géife virun der Dier iwwernuechte fir moies vir bäi ze si bei den Aschreiwungen, sou de Guy Entringer - déi aktuell Prozedur gesäit vir, datt d'Bien'sen un d'Leit vergi ginn, an der Reiefolleg wéi si sech aschreiwen.

Déi Prozedur misst awer elo geännert ginn, sou de Guy Entringer, fir datt déi Situatioun sech net widderhëlt. D'SNHBM géif vun hirem Succès iwwerrannt ginn, an d'Situatioun vun der leschter Nuecht géif "d'Dramatik vun der Lag" um Logementsmarché zu Lëtzebuerg weisen, sou nach den Direkter vum ëffentleche Promoteur SNHBM.