Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst SNCF-Streik: Perturbatiounen um CFL- an SNCF- Reseau

Schinnentransport

Wéinst SNCF-Streik: Perturbatiounen um CFL- an SNCF- Reseau

Den Donneschdeg an haut zirkuléiere wéinst dem Streik am Frankräich guer keng Zich vun der SNCF bis op Lëtzebuerg. Dat betrëfft esou wuel d'TGVen wéi och TER-Zich. Fir d'Situatioun am Grenzverkéier e bëssen ze entspanen an hire Betrib z'assuréieren huet d'CFL ëmdisponéiert, erkläert d'Alessandra Nonnweiler.

auto_stories

2 min

Alessandra Nonnweiler

Gëscht an haut zirkuléieren wéinst dem Streik am Frankräich guer keng Zich vun der SNCF bis op Lëtzebuerg. Dat betrëfft esou wuel d'TGVen wéi och TER-Zich. Fir d'Situatioun am Grenzverkéier e bëssen ze entspanen an hire Betrib z'assuréieren huet d'CFL emdisponéiert. Der CFL hir Zich am Grenzverkéier, déi am Normalfall mat gemëschten Ekippen vun CFL an SNCF ënnerwee sinn, wieren mat zousätzlechem Personal vun der CFL besat ginn, fir kennen den Horraire anzehalen. Well net gewosst ass, wéi laang de Streik dauert, géi au jour le jour gekuckt ginn, fir Zich mat CFL-Mataarbechter ze besetzen, sot d'Alessandra Nonnweiler vun der CFL ob Nofro. Anescht wéi den Donneschdeg kéint d'CFL haut och nees bis op Longwy fueren, well de Kommandoposten elo besat wier.

All weider Informatioune fannt dir um Internetsite vun den CFL.


D'Alessandra Nonnweilerplay_arrow


"Mir hunn e groussen Transfrontaliersbetrib - ob dat elo a Richtung Däitschland, Blesch oder Frankräich geet - wou eis CFL-Zich dacks eng mixte Equipe hunn. Mir hunn zum Beispill e lëtzebuergeschen CFL-Lokführer an e Schaffner vun der SNCF. Mir hu probéiert, fir intern eng kleng Léisung ze fannen, fir d'Situatioun e bëssen ze entlaaschten ass, datt mir en CFL-Mecanicien an en CFL-Kontroller gëschter op eis Zich gemaach,sou datt der do e puer dem normalen Horaire no konnte fueren."