De Konsumenteschutz hat sech am Juni nach hei op der Antenn driwwer beschwéiert, datt de Projet net géing virukommen. Et wier ee wichtegen Text, deen dem Konsument immens géif entgéint kommen. Dee misst nämlech bis elo an all Dossier eenzel kloen an dat zum Deel géint finanzkräfteg Entreprisen, wéi zum Beispill an der Affär Dieselgate.
Staatsrot: Kritik un der innovativer Mediatioun
Een negativen Avis vum Staatsrot, deen Enn Juni vun dësem Joer ausgeschafft gouf, huet de Projet elo nees ausgebremst. Grad déi innovativ Mediatioun, déi elo sollt agefouert ginn, ass dobäi op Kritik gestouss, sou de Marc Fischer vum Ministère fir Konsumenteschutz.
"Ech mengen (den Avis) werft eng ganz Rei vun technesche Punkten iwwer d'Prozedur op, déi wéineg oder och guer net zesummen hänken. Dorënner zum Beispill d'Publikatioun oder de Reschtbetrag, oder d'Designatioun ad hoc vun entités qualifiées, grad esou awer och wéi iwwer d'Prozedur vun der Mediatioun."
Eenzel Punkten am Text wiere juristesch séier korrigéiert, anerer wiere méi komplizéiert. D'Ministesch géif awer besonnesch um innovativen Aspekt vun der Mediatioun wëlle festhalen, sou nach de Marc Fischer. Den aktuellen Delai wier aus technesche Grënn allerdéngs net ze evitéiere gewiescht.
Optimismus am Ministère
Den Timing wier Affer vum parlamentaresche Congé, a vum Stéchdatum vum 8. Oktober ginn, bedauert de Marc Fischer. Et wier awer och lo de Wonsch fir méiglechst séier virun ze kommen an och den zoustännege Chamberskommissiounen hir Vuen iwwer déi verschidde Punkte virzestellen.
"Et ass awer, dat muss ech och soen, net sécher, ob dat virun de Walen nach alles méiglech ass. Mir sinn awer zouversiichtlech, op mannst datt d'Gesetz nach dëst Joer wäert gestëmmt ginn."
Well et sech hei ëm d'Ëmsetze vun enger EU-Direktiv handelt, déi en plus d'Rechter vun de Konsumente stäerkt, géif sech allefalls d'Fro net stellen, ob d'Gesetz iwwerhaapt kënnt, sou nach de Marc Fischer. Hei besteet eng Obligatioun.