Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéineg Kohärenz an der Steierpolitik

Chamberwahlen 2018

Wéineg Kohärenz an der Steierpolitik

D'Regierung hat viru fënnef Joer an hirem Koalitiounsaccord eng Steierreform versprach, a se gouf och ëmgesat. Ënner dem Stréch goufen déi lescht fënnef Joer an der Steierpolitik wéineg nei Weiche gesat. Sou datt net just d'Oppositiounsparteien, mee och d'Regierungsparteien an hire Programmer fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober weider Ännerungen um Steierregime verspriechen.

auto_stories

4 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck mengt, datt d'Regierungsparteien net méi vun der Steierreform iwwerzeegt sinn.

An der Steierpolitik goufen et a priori an dëser Dräierkoalitioun keng grouss Gemeinsamkeeten: Mat enger liberaler DP, déi prinzipiell fir niddereg Steiere steet; mat enger sozialistescher LSAP, déi prinzipiell fir vill Leeschtunge steet an dofir och méi Steieren a Kaf hëlt, a mat déi gréng, déi virun de Wahlen haaptsächlech eng ekologesch Steierreform versprach haten.

Dowéinst stoung am Koalitiounsprogramm fir d'Steierpolitik och wéineg Konkretes: "D'Regierung wäert eng Steierreform ëmsetzen, déi de Critèrë vu Previsibilitéit, Stabilitéit, Kompetitivitéit a sozialer Equitéit muss Rechnung droen."

Verschidden Tabuen

Verschidde Punkte sinn am Koalitiounsaccord als Tabu definéiert ginn: Et gouf ausgeschloss, datt et zu Ännerunge kéim bei der Verméigenssteier, der Ierfschaftssteier oder der Taxe d'abonnement op Investmentfongen.

D'Grondsteier, d'Steier fir d'Proprietäre vu Bauland, sollt laut Koalitiounsaccord och reforméiert ginn, mee dës onpopulär Mesure ass um Enn och als Tabu deklaréiert ginn.

E wichtege Kontext war och, datt d'Previsioune fir d'Staatsfinanzen Enn 2013 wéineg Spillraum erkenne gelooss hunn. Deemno goufen am Ufank mol Steiererhéijungen decidéiert: Den héchsten TVA-Taux ass vu 15 op 17 Prozent geklommen, an et gouf eng Krisesteier agefouert.

De Wand huet gedréint

Mëtt 2015 huet de Wand gedréit. D'Ekonomie ass vill méi séier gewuess wéi geduecht. D'Regierung hat am Juni mam Verfassungsreferendum kee Succès a wollt sech nees bei de Leit méi beléift maachen.

Wat ass geschitt? DP, LSAP a gréng hunn decidéiert, d'Steiere fir d'Bierger an d'Betriber ëm ronn 500 Milliounen Euro ze reduzéieren. Am Fréijoer 2016 goufen d'Steierreduktioune public: Modern a sozial gerecht huet d'Regierung se genannt. A Kraaft getruede sinn d'Mesuren an zwou Etappen: Den éischte Januar 2017 an den éischte Januar 2018.

E grénge Stempel hat d'Steierreform net. D'Ëmweltassociatioun Mouvement écologique war am Mäerz 2016 enttäuscht. Hier Presidentin Blanche Weber sot deemools: "D'Regierung ass wäit hannert deem zeréck, wat se versprach huet, och wat se am Koalitiounsofkommes festgehalen huet. Do waren trotzdeem Aussoen, déi méi a Sënn vu kohärenter an nohalteger Steierreform gaange sinn. Mir fannen do keng oder kaum Elementer erëm."

Keng strukturell Reform

Eng strukturell Reform war et och net. Mat Ausnam vun der optionaler individueller Besteierung fir Koppelen.

D'Kierperschaftssteier fir d'Betriber gouf erofgesat, d'Krisesteier nees ofgeschaaft, a fir d'Privatpersoune gouf haaptsächlech de Steierbareme gestreckt. Och wann de Spëtzesteiersaz gehéicht gouf, bezilt een zanter 2017 mat engem Revenu vu souguer 200.000 Euro manner Steiere wéi virdrun.

Sou schreift d'Chambre des Salariés am Oktober 2016 an an hirem Avis iwwer d'Steierreform: "D'Versprieche vun engem méi gerechte Steiersystem, deen déi niddereg Revenue favoriséiert, gëtt net agehalen".

Vu schwaach op méi staark Schëlleren?

Trotzdeem huet d'Regierung dacks deklaréiert, et wier déi éischt sozial gestaffelt Steierreform. De sozialistesche Vizepremier Etienne Schneider sot virun zwee Joer: "Et ass hei ganz kloer gelongen eng Ëmverdeelung ze maachen. Fir d'éischte Kéier ass eng Steierreform genotzt gi fir vu schwaachen op méi staark Schëlleren ëmzeverdeelen."

Eng Ausso, déi ee staark nuancéiere muss. De Steierkredit, dee Leit mat nidderegem Revenu soll steierlech entlaaschten, gouf zwar ënner dëser Regierung sozial gestaffelt an de Montant gouf gehéicht, mee de Steierkredit gouf et awer och scho virun dëser Legislaturperiod. Steiervirdeeler fir Räicher, wéi d'Stock options, goufen - anescht wéi een Ament ugeklongen - net annuléiert.

Sozial schwaache Famillen hëllefen

Mee et goufen awer nei Sachleeschtungen agefouert, déi och besonnesch schwaache Famillen hëllefe sollen.

Fir d'Caritas goufen et ënner anerem zwou Kritiken: Ze wéineg ekologesch Akzenter an ze vill nom Géisskaneprinzip, also net sozial selektiv genuch. De Robert Urbé vun der Caritas sot am Juni 2016: "Dat hätt een och kënne kompenséieren, doduerch, datt een déi Leit mat méi héije Revenue méi erugezunn hätt. An dann hätt ee kënne méi an dat Strukturellt eragoen, wéi zum Beispill de Verbrauch vun Ëmwelt méi ze taxéieren."

"Wat ass dat da fir eng Politik?"

Ënner dem Stréch sinn d'Steieren an de Budgetsjoren 2015 an 2016 geklomme fir vun 2017 nees erofgesat ze ginn. Dat huet och den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler an enger vu senge wéinege méi aggressiven Oppositiounsrieden an der Chamber, am Abrëll 2016 festgestallt: "Dee Spillraum, deen do geschaaft gouf, deen hunn d'Leit bezuelt. Et ass ganz lëschteg, wann eng Regierung higeet a fir d'éischt emol d'Steieren ëm 400 bis 500 Milliounen Euro eropsetzt, fir se dann dono an enger Steierreform nees erofzesetzen, fir d'éischt erop an dann erof, wat ass dat da fir eng Politik?"

Fakt ass: d'Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng schénge selwer net méi ganz iwwerzeegt, datt d'Steierreform an dëser Legislaturperiod e grousse Worf war. D'LSAP an d'DP verspriechen eng weider Steierreform, déi gréng nees eng ökologesch Steierreform. Och déi Parteien, déi den Ament an der Oppositioun sinn, an déi de 14. Oktober untrieden, verspriechen Ännerungen um Steiersystem. Wéi eng, dat hänkt um Enn awer nees un zwou Saachen: U Gemeinsamkeeten tëscht Koalitiounspartner, an um Spillraum bei de Staatsfinanzen.