Transport Weider Onkloerheete beim Adapto-Zerwiss
Ee Joer no de Reform vum Adapto-Zerwiss ass nach net alles en Place. De Ministère verséchert datt nach weider dru geschafft gëtt. Ee Problem wier dem OGBL no zum Beispill, déi feelend Kommissioun déi an Zweiwelsfäll soll decidéieren op eng Persoun eligibel ass fir den Transport-Zerwiss fir Leit mat enger Behënnerung.
An der Adapto-Reform war eng onofhängeg Kommissioun virgesinn déi sollt tranchéiere wann et bei Leit net evident wier, ob si eng Adapto-Kaart bräichten oder net. Déi Kommissioun sollt zesummegestallt ginn aus verschidde Leit déi am Behënnerteberäich Kompetenzen hunn erkläert de Joel Delvaux. Bis haut géif et keng sou eng Kommissioun ginn.
"Dat heescht en Dokter, zum Beispill, dann awer och Leit déi selwer eppes mat Behënnerung ze dinn hunn, well se et selwer sinn oder am Beräich schaffen, déi och kënne verstoen datt eng Persoun déi zwar vläicht wuel ka goen, duerch déi Behënnerung déi se huet, vläicht mental, trotzdeem méi behënnert ass wéi eng Persoun déi am Rollstull setzt mee awer eigentlech ganz gutt kloer kënnt."
OGBL: Keng Refusen ouni Recoursméiglechkeet
Den Ament benotze ronn 5.640 Leit den Adapto-Transport. Knapp 600 Kaarte wieren zënter der Reform refuséiert ginn, heescht et aus dem Transportministère. 18 Recoursen oder Reklamatioune géint e Refus wieren am Ministère ukomm. Vun deenen hätte schlussendlech dräi Leit awer eng Kaart accordéiert kritt. Bei 144 Demande wier et net direkt kloer gewiescht op se eligibel wieren oder net an déi wiere mam Dokter aus dem Groupe de Travail gekuckt ginn heescht et aus dem Transportministère. 36 Leit hätten hier Adaptoskaart doropshi refüséiert kritt. Dat dierft dem Joel Delvaux no net sinn. Soulaang et déi Kommissioun net géif ginn an d'Leit keng Méiglechkeet hätte fir adequat Recoursen ze maachen, dierfte senger Usiicht no keng Decisioune geholl ginn.
"An dann ass et och prozedural gesinn...et kann net sinn datt d'Leit matgedeelt kréie keng Adapto Kaart méi ze kréien, quasi zwee Deeg virun deem s si den nächste Rendez-Vous mam Transport haten. Dat soll och sou organiséiert ginn datt Leit eng Chance hunn sech ëmzegewinnen."
Nach kee Coach fir d'Leit ëmzegewinnen
Den OGBL hat an dem Sënn e Coach an der Kommissioun gefuerdert deen de betraffene Leit soll hëllefe sech vum Adapto op den ëffentlechen Transport ëmzegewinnen, dee géif et bis ewell nach net ginn. Den Ament géif just en Aarbechtsgrupp existéieren deen d'Aufgab vun der Kommissioun géif iwwerhuelen, erkläert d'Annick Trmata aus dem Transportministère. Hei wieren déi selwecht Leit dran déi och an d'Kommissioun wäerte genannt ginn. Dorënner en Dokter vun der Santé, Leit aus dem Familljen- an Transportministère an eng Persoun déi selwer en Handicap hätt. Wéini déi gesetzlech Basis fir d'Schafe vun der richteger Kommissioun fäerdeg ass kéint d'Annick Trmata net soen.
Niewent de prozedurale Problemer bedauert de Joel Delveaux och nach e schlechten Dialog tëschent dem Ministère an de betraffene Leit. Entweder géif ee guer keng Äntwert kréien oder et misst ee Woche waarden. Och d'Accessibilitéit vun den Donnéeë wier net fir jiddweree garantéiert. De Ministère verséchert op Nofro hin dodrun ze schaffen. Déi Leit déi reklaméiert haten hätten elo Accès op hier Donnéeën, heescht et. Den Adapto sollt dann och keng endgülteg Léisung sinn, esou nach de Joel Delvaux. An enger optimaler Situatioun sollt kee méi mussen e Recours maachen.