Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi wann den Islam e Friemkierper wier"

Migratioun

"Wéi wann den Islam e Friemkierper wier"

D'Perceptioun vun Auslänner hätt sech an de leschten zéng bis 15 Joer zu Lëtzebuerg positiv geännert, seet d'Historikerin Antoinette Reuter. Fir d'Matgrënnerin vum "Centre de documentation sur le migrations humaines" (CDMH) wier d'Gesellschaft méi tolerant ginn. Trotz engem gewëssene Widderstand géigeniwwer dem Islam.

auto_stories

3 min

Migratioun, ënnerschiddlech Kulturen a Nationalitéite géifen hautdesdaags zu Lëtzebuerg allgemeng méi toleréiert ginn ewéi nach virun zéng, 15 Joer, sot d'Antoinette Reuter am 100,7-Interview. Géigeniwwer dem Islam géif et awer an der Gesellschaft Widderstänn ginn.

D'Historikerin hätt dat mat der Ausstellung "L'islam, un défi pour la société luxembourgeoise" erlieft. 2013 war déi Ausstellung vum "Centre de documentation sur le migrations humaines" (CDMH) zesumme mat der Sozialwëssenschaftlerin Lucie Waltzer realiséiert ginn.

"Wéi ech meng Examensstonn gemaach hunn, krut ech als Thema den Islam. Et war an der Vergaangenheet normal fir iwwert den Islam ze schwätzen", erënnert sech déi pensionéiert Geschichtsprofessesch. "Wéi d'Ausstellung an d'Schoule komm ass, du war et wéi wann den Islam an enger Schoul e Friemkierper wier, iwwert deen et net legitim wier ze schwätzen."

"Schoul als soziale Lift fonctionnéiert nach ëmmer net"

Fir d'Antoinette Reuter wier d'Gesellschaft am grousse Ganzen awer méi tolerant ginn. All Joer kommen hei am Land iwwer 10.000 nei Awunner bäi. Fir d'Gesellschaft zesummen ze halen, misst een - hirer Meenung no - bereet sinn, esouwuel perséinlech wéi och als Staat eppes dran z'investéieren. Net nëmme Sue mee och Engagement.

Iwwerdeems géif d'Schoul als soziale Lift nach ëmmer net fonctionnéieren. Dat léich manner um Migratiounshannergrond vun de Schüler wéi u sozialen Ursaachen. Déi fréier Geschichtsproff aus dem Stater Kolléisch begréisst jiddefalls d'Diversitéit vun der aktueller Schoullandschaft.

Een Instrument fir Opklärung

De "Centre de documentation sur le migrations humaines" feiert dëst Joer säin 20. Gebuertsdag. De CDMH wier aus der Gesellschaft eraus entstanen am Diddelenger Quartier "An Italien", wou sech am Ufank vum 20. Joerhonnert d'Migranten aus der Hallef-Insel néiergelooss haten.

"Den Zenter ass gegrënnt gi fir wëssenschaftlech eppes ze vermëttele wat Argumenter géint d'Friemefeindlechkeet kéint ginn", seet d'Antoinette Reuter. Laang Joren hat si am Diddelenger Lycée Nic Biever Schoul gehalen. "Ech selwer hu mat Schoulbicher missen enseignéiere, wou op auslännesch Kanner als Problem higewise ginn ass".

"Den Zenter soll ee Fouss an der Gesellschaft behalen"

De CDMH wier fir d'éischt en Instrument fir Opklärung gewiescht, duerno koumen eng Bibliothéik, Archiven an Ausstellungen dobäi. Dowéinst kéint een net mat anere Fuerschungsinstituter verglach ginn an och net Deel si vum nei gegrënnte Fuerschungsinstitut fir Zäitgeschicht op der Uni, seet d'Antoine Reuter.

Och an Zukunft sollt de CDMH e Fouss an der Gesellschaft behalen. Dat géif eng Zesummenaarbecht mat aneren ëffentlechen Acteure wéi der Uni net verhënneren. Finanzéiert gëtt den Zenter vum Kulturministère an och der Gemeng Diddeleng.