Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi wa mir op engem anere Planéit géife liewen"

Lutte géint de Coronavirus

"Wéi wa mir op engem anere Planéit géife liewen"

Ëmmer erëm nei Erkenntnisser an eng Situatioun, déi vun Dag zu Dag ännere kann. Esou erlieft dat medezinescht Personal och an auslännesche Spideeler d'Pandemie vum neie Coronavirus. D'Françoise Keller huet mat engem Anästhesist zu Bréissel an enger Urgentistin zu Paräis iwwer hiren Alldag wärend der Kris geschwat.

auto_stories

4 min

"Et ass wéi wann dat an enger Parenthèse wier, wéi wa mir op engem ganz anere Planéit géife liewen. Bon mir maachen nach ëmmer eise Beruff wéi ëmmer. Mee mir mierke selwer, datt dat eng speziell Zäit ass - déi, wéi mir hoffen, elo geschwë wäert ëmgoen. Mee bon, wéi gesot. Et ass komesch."

Seet d'Anne-Sophie Ries. Si ass Urgentistin am Spidol Louis-Mourier zu Colombes am Groussraum Paräis. Zanter Ausbroch vun der Kris ronderëm den neie Coronavirus hätt an hirem Service vill geännert. Et géif méi ee séiere Roulement ginn, fir datt keen ze vill midd gëtt, mee och well Deeler vum Personal krank sinn.

Bis ewell wier de Virus bei siwen Infirmieren an engem Dokter nogewise ginn. Mee d'Leit an hirem Service wieren der Meenung, datt si de Virus all schonn haten - respektiv hunn. Mir gesinn der (Patienten) esou vill am Dag. "Mir hunn heiansdo net genuch Material a mir mussen heiansdo séier maachen, séier wiesselen a séier vu Patient zu Patient goen, sou datt mir net honnert Prozent geschützt sinn."

Momentan ginn et keng Engpäss beim Personal

D'Personal géif nëmmen op de Virus getest ginn, wann et Symptomer hätt, esou d'Anne-Sophie Ries. Fir den Ament wier d'personell Situatioun an den Urgencen hirer Meenung no awer nach am Grëff. Ënner anerem och well d'Ekippe scho virun der Pandemie gutt genuch opgestallt gewiescht wier. Mee an der Reanimatioun hätt sech ganz vill geännert a ganz kuerzer Zäit. D'Bettenunzuel op der Reanimatiouns-Statioun wier vun 18 op 35 Better geklommen.

Am Spidol Erasme zu Bréissel géif ee fir den Ament an der Reanimatioun och nach mam Personal iwwer d'Ronne kommen, seet den Daniel Patricio. Et wier awer eng Fro vun Deeg bis et zu Engpäss kéint kommen. Hien ass Anästhesist, schafft awer elo an der Reanimatioun. Déi zwee Servicer wieren zanter der Kris méi no matenaner verbonne ginn. Dat wier awer keng grouss Ëmstellung am Alldag, "well mir par Defaut jo d'Experten an der Ventilatioun vun eise kranke Leit sinn". Momentan géife si eng enorm Zuel un Iwwerstonne leeschten a vill Weekender hannertenee schaffen.

Och Jonker sinn a Gefor

All Dag géif een eppes bäiléieren, esou den Anästhesist, mee et géif ee sech och bewosst ginn, datt "dat, wat mir den Dag virdru gemaach hunn, warscheinlech net - oder net honnertprozenteg - adaptéiert war, well mir eben all Dag eppes bäiléieren".

Wat een awer mëttlerweil wéisst, wier datt d'Krankheet bei de Patienten an der Reanimatioun dacks déi selwecht Konsequenze géif mat sech bréngen. "Eng dysfonction respiratoire. An op zweeter Plaz, wat bei all Patient - an 90 Prozent vun de Fäll - antrëtt ass eng Niereninsuffizienz."

Een anere Constat, deen den Daniel Patricio mécht, ass datt och Jonker vum Virus betraff wieren a Symptomer géife weisen. Och am Spidol Louis-Morier zu Colombes géife Jonker tëschent 30 a 50 Joer wéinst dem neie Virus behandelt ginn, déi keng aner Krankheeten hätten. "Dat mécht Angscht", seet d'Anne-Sophie Ries.

Eng eendeiteg Erklärung dofir huet d'Urgentistin net. Mee eleng an hirem Spidol géifen am Duerchschnëtt ronn véier Jonker pro Dag wéinst dem Coronavirus traitéiert ginn. Si bräichten op d'mannst Oxygen a géifen heiansdo an d'Reanimatioun kommen. De Virus géif de Kierper an eng Entzündungsphas versetzen, déi bei deene Jonke vill méi grouss kéint sinn, erkläert sengersäits den Daniel Patricio. An d'Entzündung hätt negativ Auswierkungen op d'Longen. Dat géif net heeschen, datt déi Jonk méi um Virus géife leiden, wéi déi eeler Patienten. Wa Jonker eng Reaktioun op de Virus géife weisen, wier de Risiko, datt si an eng Reanimatiouns-Statioun mussen, méi héich.

D'Sich no alternative Pläng

An der Reanimatioun am Spidol Erasme zu Bréissel wiere 70 Better. Dee sougenannte Covid-Stack wier mat 80 Better den Ament voll ausgelaascht. Et wier zwar geplangt fir eng weider Reanimatiouns-Unitéit mat zwielef Better opzemaachen. Dat wieren awer déi eenzeg, déi iwwerhaapt nach iwwereg wieren.

"Dat heescht, mir mussen dann ëmmer bedenken, datt d'Méiglechkeet besteet, datt déi Patiente vum Covid Stack an d'Rea erofkommen. A mir hunn elo nach zwielef Plazen, wa mir déi nei Unitéit opmaachen. Mee wou solle mir déi 80 Leit - komm mir soen, wann een Drëttel vun deenen erofkënnt - ënnerbréngen? Mir hu kee Plang. Da wäerte mir alternativ Pläng sichen. Nächste Plang wier, datt mir d'Leit an den OP bréngen, well mir do och Respiratoiren hunn. An datt mir doraus eng Rea maachen."

Mee wat Courage géif maachen, wier datt scho vill Patienten vum Beootmungsgerät erofgeholl gi wieren an d'Rea erëm hätte kënne verloossen, esou nach den Anästhesist Daniel Patricio. D'Anne-Sophie Ries ass hirersäits frou iwwer d'Solidaritéit an der Ekipp an déi encourageant Messagen.

"Dat hëlleft eis, an ech hoffen, datt mir dat och gereegelt kréien."