Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat si gesond Staatsfinanzen?

Chamberwahlen 2018

Wat si gesond Staatsfinanzen?

Bal 13 Milliarden Euro Staatsschold, e cumuléierten Defizit beim Zentralstaat vun 900 Milliounen Euro fir d'Joren 2014-2017. En Iwwerschoss beim Gesamtstaat vun 0,6 Prozent a Wuesstemsprevisioune fir 2018 vu 4 Prozent vum PIB.

auto_stories

3 min

Fernand Kartheiser a Pierre Gramegna

Fir de Fernand Kartheiser vun der ADR sinn dat keng gesond Staatsfinanzen. Et géif op Käschte vun den nächste Generatioune gelieft ginn, Prioritéit misst awer sinn, fir d'Staatsschold zréckzebezuelen, esou den ADR Deputéierten. De Pierre Gramegna huet ënnerstrach, datt d'Scholdeprogressioun ënner dëser Regierung zeréckgefuer gouf, an datt geziilt héich Investitioune fir d'Zukunft gemaach goufen. Zéng Milliarden Euro a fënnef Joer, dovunner wieren 80 Prozent iwwer lafend Recettë finanzéiert ginn. Dat wiere gutt Staatsfinanzen, seet den DP-Finanzminister.

D'lafend Käschte par Rapport zum Räichtum wiere stabel, seet de Pierre Gramegna. "Dat heescht, si sinn net méi séier geklommen, wéi eise Räichtum." Lëtzebuerg wier am OECD-Verglach relativ wäit vir. "Dat beweist, datt mir eng gesond a raisonnabel Finanzpolitik hunn", seet de Pierre Gramegna.

De Conseil supérieur des finances publiques - grad wéi d'Oppositiounsparteien an der Chamber - géifen an der aktueller Lëtzebuerger Budgetspolitik méiglech Risiken erkennen, äntwert de Fernand Kartheiser. De Fonds intergénérationel wier am Fong geholl eng gutt Iddi, seet den ADR-Deputéierten, "allerdéngs, esou wéi e fonctionnéiert, kann et net sinn, datt mir mat Scholden, de jonke Generatiounen dono eng Milliard wëlle ginn, déi mat Scholde finanzéiert ass."

Esouwuel ADR wéi DP si géint nei Steieren a géint Steiererhéijungen a fir méi niddereg Betribssteieren.

Fernand Kartheiser: "Feelinvestitiounen" vermeiden

Dem Fernand Kartheiser no wieren och Feelinvestitioune gemaach ginn. Den Tram wier nëmmen ee Beispill dovun. D'ADR hätt ëmmer gefuerdert, datt de Schinnereseau vun der CFL ënner der Stad erduerch féiere misst. "Elo baue mir mam Tram en zweete Schinnereseau, wat en enorme Käschtepunkt ass an och de Verkéiersproblem net léisst. Dat heescht, mir si schonn der Meenung, datt mir d'Investitioune sollen anstänneg steieren, andeem datt mir de Wuesstem mussen an de Grëff kréien, an doduerch datt mir Feelinvestitioune verhënneren", seet de Fernand Kartheiser.

Pierre Gramegna: Investitiounen an Zukunft sënnvoll a wichteg

Dat wëllt de Pierre Gramegna net esou stoe loossen. Et wier net richteg, fir manner Investitiounen ze fuerderen. "Virdrun huet den Här Kartheiser gesot, datt mir un d'Kanner denke mussen an un de Futur. D'Investissementer an d'Educatioun an d'Schoulen, an d'Stroossen an an d'Mobilitéit, dat ass natierlech fir eis Kanner. Also dës Regierung preparéiert d'Zukunft."

D'Grënnung vum Fonds intergénérationnel géif dëse Wëlle vun der aktueller Regierung ënnerstëtzen. "Besser kann een et net maachen, wann een déi nächst Generatiounen am Sënn huet."

Elteregeld oder Accent op Congé parental?

D'ADR wëllt an hirem Wahlprogramm e sougenannten Elteregeld aféieren, dat d'Chèques servicen ersetze soll. Doduerch kéinten a Crèchen "eng ganz Rei Plazen" gespuert ginn. D'ADR wéilt net op de selwechte Wee wéi d'DP goen, fir d'Contributiounen an den EU-Budget vun 300 op 500 Milliounen Euro eropzesetzen.

D'Elteregeld géif, dem DP Finanzminister no, weisen, datt souwuel an der ADR wéi och an der CSV "de Wëllen do ass, den ale Modell, wéi en zu Lëtzebuerg an a ganz Europa war, ze fërderen". D'DP géif den Accent op de Congé parental leeën, fir datt d'Leit sech nees op hir Aarbecht konzentréiere kéinten.