Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi vill Flüchtlinge ka Mamer ophuelen?

Gemengewahlen

Wéi vill Flüchtlinge ka Mamer ophuelen?

De Mamer CSV-Buergermeeschter Gilles Roth wëllt 50 Flüchtlingen a senger Uertschaft ophuelen. D'Gemeng kéint méi Leit empfänken, seet Adèle Schaaf-Haas vun déi Gréng. Si deelt awer déi generell Approche.

auto_stories

2 min

38 Bierger vu Mamer hu géint de Bau vun enger Struktur an fir 300 Refugiéen an der Gemeng geklot. Zu Stengefort hate Bierger an engem ähnleche Fall vum Verwaltungsgeriicht Recht kritt.

Wann dat och zu Mamer geschitt, ass d'CSV net bereet fir iwwert de Wee vun enger Modifikatioun vum PAG trotzdem d'Struktur fir d'Flüchtlingen ze bauen, seet de Buergermeeschter Gilles Roth. "Dat heescht awer net, datt mir keng Verantwortung wëllen iwwerhuelen a Punkto Flüchtlingen."

Et kéint ee kuerzfristeg zu Mamer Plaz maache fir 50 Flüchtlingen. De Moment wieren der 21 an der Uertschaft. Si géifen a "klengen iwwerschaubare Strukturen" ënnerbruecht ginn, fir datt "déi Leit sech an d'Duerfliewen afillen."

De Gilles Roth wëllt eng national Quoteregelung fir Flüchtlingen. Déi gréng Spëtzekandidatin vun der Oppositioun, Adèle Schaaf-Haas deelt déi generell Approche vum CSV-Buergermeeschter. Si schwätzt sech awer fir méi wéi 50 Flüchtlingen an der Gemeng aus.

Wéi vill Wuesstem fir Mamer?

Mamer huet 9.200 Awunner, dat sinn 1.700 Persoune méi wéi bei de leschte Wahlen. Fir déi Gréng soll dee Wuesstem bei 1,5 Prozent gebremst ginn. Donieft misst d'Gemeng eng Baulandreserve uleeën, fir abordabele Wunnraum ze schafen, seet d'Adèle Schaaf-Haas.

Dat wier awer am Widdersproch vun deem, wat de gréngen Nohaltegkeetsminister um nationale Plang vertrëtt, seet de Gilles Roth. Déi sektoriell Pläng géife fir Mamer virgesinn, datt a sechs Joer 20 Prozent vun de Wunnenge méi solle geschaaft ginn, wéi déi, déi momentan existéieren. D'Regierung géif deemno e Wuesstem vun dräi Prozent virgesinn, seet de Gilles Roth.

Soziale Wunnéngsbau

D'CSV wëllt zu Mamer ee Prozent soziale Wunnengsbau erreechen, an Zesummenaarbecht mat den nationale Wunnengsbaugesellschaften. Fir déi Gréng geet dat net duer, d'Gemeng misst selwer aktiv ginn.

Nëmmen aacht Prozent vun den Terraine wieren an ëffentlecher Hand, seet d'Adèle Schaaf-Haas. "Da kann et net sinn, datt just SNHBM a Fond de Logement do aktiv ginn. Déi kënnen dat jo net packen." D'Gesetz vum Pacte Logement géif vill Outile virgesinn, déi et der Gemeng géifen einfach maachen, fir iwwert d'Virkafsrecht eng Réserve Foncière ze schafen.